Blaatzalot

Wéi hält sech Zalot am beschten?

Zalot gehéiert an d’Geméisgefaach am Frigo (ënneschten Tirang).
Blaatzalot gëtt gär wieleg a verléiert relativ séier vill vun de wäertvollen Inhaltsstoffer.

Et kann een d’Zalot awer méi laang frësch halen, wann een se wäscht a mat engem Stéck Kichepabeier an e loftdicht Behältnes mécht. Alternativ kann een en Duch mat staark verdënntem Esseg, deem een och nach e bëssen Zitrounejus ka bäiginn, fiicht maachen, d’Zalot dran awéckelen an dann an de Geméistirang leeën. Esou kann een de Verloscht un Närstoffer dräi Deeg bremsen. Virun allem Zalot, déi scho gewäsch ass, net mat Uebst oder Geméis zesumme lageren, déi Ethylen ausscheeden (z. B. Tomaten, Äppel, Banannen).

Tipp: Ass Zalot oder Geméis schonn e bësse méi al a liicht verschrompelt (z. B. Muerten oder Réidercher), eng Stonn laang an d’Waasser leeën – an alles gesäit erëm méi frësch aus.

Rotschléi fir ee méi responsabelen Ëmgang mat Liewensmëttel.
Tipps fir d'Lageren a Versuerge vu Liewensmëttel.
Rezeptiddie fir Reschter kreativ weider ze verwäerten.