Tomaten

Wéi halen sech Tomaten am beschten?

Déi optimal Plaz fir Tomaten ass am Kicheschaf.
Ze niddereg Temperature loossen Tomaten onnéideg un Geschmaach verléieren. Tomaten halen sech am beschten op dréchene Plaze mat Temperaturen tëschent 13 an 18 Grad. Ausserdeem brauchen Tomate Sauerstoff – also besser oppe lagere wéi an Tuten oder Plastiksbehälter.

Tomate sënnere besonnesch vill Ethylen aus – also am beschte getrennt vun aneren Uebst a Geméis Zorte lageren.
Rotschléi fir ee méi responsabelen Ëmgang mat Liewensmëttel.
Tipps fir d'Lageren a Versuerge vu Liewensmëttel.
Rezeptiddie fir Reschter kreativ weider ze verwäerten.
linkedin facebook pinterest youtube rss twitter instagram facebook-blank rss-blank linkedin-blank pinterest youtube twitter instagram