Kéis

Wéi hält sech de Kéis am beschten?

Déi optimal Plaz fir de Kéis ass dat iewescht Gefaach am Frigo.
Wa méiglech de Kéis um Stéck an net geschnidden oder gerappt kafen, dann hält e méi laang.

De Kéis ëmmer agepaakt an de Frigo leeën, fir datt en net ausdréchent.

Edelschimmelkéis hält sech am beschten an eng Folie agewéckelt oder an engem zouenen Dëppchen. Esou kënnen sech d’Schimmelkulturen net onkontrolléiert op anere Kéis ausbreeden.

Haarden an hallef haarde Kéis dergéint „schweesst“ nawell gär, wann en an eng Folie gewéckelt ass. Et bilt sech Kondenswaasser a Schimmelpilze kënnen sech ausbreeden. Am beschte freet een sech am Supermarché Ersatz-Kéispabeier, fir en anzewéckelen, oder et hëlt ee ganz normale Schmierepabeier.

An der Killtru geet de Goût vum Kéis zum Deel verluer; e ka grimmeleg ginn an dréchen. Bei Schimmel op engem haarde Kéis, de Schimmel groussflächeg ewechschneiden an drop Uecht ginn, datt de Schimmel sech net no bannen ausgebreet huet. Am Zweifelsfall léiwer ewechgeheien.

Tipp: Fir festzestellen, ob déi wäiss Punkten um Kéis Salzkristaller oder Schimmelflecke sinn, de Kéis ofwäschen. D’Salz léist sech am Waasser op, de Schimmel net!

Tipp: D’Schuel vum Kéis, deen een um Stéck keeft, net am Viraus schonn erofschneiden; se schützt viru Schimmelbefall.

Rotschléi fir ee méi responsabelen Ëmgang mat Liewensmëttel.
Tipps fir d'Lageren a Versuerge vu Liewensmëttel.
Rezeptiddie fir Reschter kreativ weider ze verwäerten.
linkedin facebook pinterest youtube rss twitter instagram facebook-blank rss-blank linkedin-blank pinterest youtube twitter instagram