Wéi hält sech Geméis am beschten?

Geméis, dat kal Temperature verdréit an am Geméisfach vum Frigo soll gelagert ginn: Artichauten, Brockelcher, Brokkoli, Champignonen, Chiconen, Choufleur, Ënnen, Fréijoerszwiwwelen, Gewürzkraider, Gréng Bounen, Ierbessen, Kabes, Mais, Muerten, Poretten, Réidercher, Rout Rommelen, Spargelen, Spinat, Zalot an Zellerie.

Sensibel Geméiszorten, déi een net soll an de Frigo leeë mee am beschten op enger däischterer a killer Plaz bei +/- 18°C lagert: Auberginnen, Basilikum, Gromperen, Ingwer, Knuewelek, Kornischongen, Kalbassen, Paprika, Peperonien, Tomaten a Courgetten.

Déi optimal Plaz fir Tomaten ass an der killer, däischterer Spënnchen.

Ze niddereg Temperature loossen Tomaten onnéideg u Geschmaach verléieren. Se hale sech am beschten op dréchene Plaze bei Temperaturen tëschent 13 an 18 °C. Ausserdeem brauchen Tomate Sauerstoff – also besser oppe lagere wéi an Tuten oder Behälter. Tomate sënnere besonnesch vill Ethylen of, et soll een se also getrennt vun aneren Uebst a Geméis Zorte lageren.

Muerte gehéieren an de Geméistirang ënnen an de Frigo.

D’Muerte soll een aus der Tut huelen an an d’Geméisfach leeën. Et soll ee se net zesumme mat zeidegen Tomaten, Bieren oder Äppel lageren, si kéinten doduerch batter ginn. Wann d’Muerte sech méi laang sollen halen, da keeft een se am beschte mat Buedem drun a kellert se sou an.

Déi optimal Plaz fir Gromperen ass an der Spënnchen.

Grompere sollen op enger donkeler, killer Plaz gelagert ginn, awer net am Frigo. Wann ee Gromperen ongewäsch (mat nach Buedem drun) keeft, halen se sech méi laang. Et soll een d’Gromperen net bei Uebst lageren, scho guer net bei Äppel, Bieren oder Banannen. Vill Friichte ginn de Räifungsgas Ethylen of, deen duerfir suergt, datt d’Grompere méi séier verdierwen. Gutt ass et awer, een eenzelen Apel bei ee Sak Gromperen ze leeën, eng geréng Konzentratioun un Ethylen an der Loft suergt dofir, datt d’Zellstreckung ënnerdréckt gëtt an d’Grompere sou manner séier kéngen.

Zalot gehéiert an d’Geméisfach am Frigo (ënneschten Tirang).

Blaatzalot gëtt gär wieleg a verléiert séier vill vu sengen Närstoffer. Et kann een d’Zalot awer méi laang frësch halen, wann een se wäscht a mat engem Stéck Kichepabeier an e loftdichte Behälter mécht. Virun allem Zalot, déi scho gewäsch ass, net mat Uebst oder Geméis zesumme lageren, déi Ethylen ausscheeden (z. B. Tomaten, Äppel oder Banannen).

Ass Zalot oder Geméis (z. B. Muerten oder Réidercher) schonn e bësse méi al a liicht verschrompelt, kann een se eng Stonn laang a kaalt Waasser leeën – a se gesinn erëm frësch aus.

Liewensmëttel

Wäertvoll Tipps fir d’Lageren a Versuerge vu Liewensmëttel.

8 gëlle Reegelen

8 gëlle Reegelen fir manner Liewensmëttel ze verbëtzen.

Rezepter

Rezeptiddie fir Reschter kreativ weider ze verwäerten.