Wéi hält sech d’Fleesch am beschten?

Réit Fleesch soll scho vum Akafe bis Heem kill transportéiert ginn, bei net méi wéi 4°C. D’Fleesch gehéiert op déi killste Plaz am Frigo: op d’Glasplack iwwert dem Geméisfach.

Haltbarkeet vu Fleesch am Frigo bei bis zu 4°C:

  • réit Gehacktes muss deen Dag wou et kaaft gouf verschafft ginn
  • réit Geschnetzeltes, Spiissercher, Gulasch: 1 Dag
  • réi Innereien: 1 Dag
  • réi Steaks, ganzer Stécker Fleesch oder ee réie Brot: 3-4 Deeg
  • réit Pouletsfleesch: 1-2 Deeg
  • Zoossisse fir ze kachen oder ze broden: 2-4 Deeg
  • gekachtent oder gebrodent Fleesch: 2-3 Deeg

Bei fäerdeg ofgepaktem Fleesch soll een onbedéngt de Verbrauchsdatum den uginn ass anhalen. D’Fleesch hält sech natierlech nëmme soulaang wéi uginn ass, wann d’Killketten net ënnerbrach gouf an d’Lagerbedingungen agehale goufen.

Wëll ee Fleesch méi laang halen, dann ass d’Killtru déi beschte Léisung. D’Fleesch soll an dem Fall sou séier wéi méiglech agefruer ginn an op kee Fall réischt deen Dag, wou de Verbrauchsdatum ofleeft.

Agefruerent Fleesch hält sech e puer Méint an der Tru:

  • Gehacktes: 1 Mount
  • Schwéngefleesch: 4 Méint
  • Pouletsfleesch: 8 Méint
  • Kalleffleesch: 9 Méint
  • Randfleesch: 10 Méint

Gedréchent Zoossiss a réi Ham muss net am Frigo gelagert ginn. Bei bis zu 15°C halen déi sech e puer Wochen.

Pouletsfleesch a Fleesch vum Schnuddelhong muss wéinst der Gefor vu Campylobacter-Bakterien a Salmonellen onbedéngt getrennt vun deenen anere Liewensmëttel verschafft ginn, mat engem Messer an op engem Schneidbried, déi fir näischt aneres benotzt ginn.

Liewensmëttel

Wäertvoll Tipps fir d’Lageren a Versuerge vu Liewensmëttel.

8 gëlle Reegelen

8 gëlle Reegelen fir manner Liewensmëttel ze verbëtzen.

Rezepter

Rezeptiddie fir Reschter kreativ weider ze verwäerten.