Killketten net ënnerbriechen
Vill Liewensmëttel halen sech méi laang wann se kal bleiwen
Beim Akafen : gitt Uecht dass frësch oder gefruere Liewensmëttel net méi laang wéi onbedéngt néideg der Zëmmertemperatur ausgesat sinn.
Ënnerwee : transportéiert Är Iesswueren an enger Killtäsch. Esou bleiwen se schéi frësch.
Doheem : duerch en richtegt Asortéieren am Frigo halen d’Liewensmëttel sech méi laang. Stockéiert Wuere mat engem zäitnoen Oflafdatum gutt sichtlech a verbraucht se als éischt.