29. September 2020
Internationalen Antigaspidag

Mir sinn Antigaspi - an Dir?

Den 29. September ass dëst Joer eng éischte Kéier en internationalen „Antigaspidag“! Um „International Day of Awareness of Food Loss and Waste” (IDAFLW), deen op eng Initiativ vun de Vereenten Natiounen zeréckzeféieren ass, gëtt vun elo un all Joer weltwäit de Fokus op de Problem vum Liewensmëttelverloscht an der Liewensmëttelverschwendung gesat.

Tatsächlech gëtt ⅓ vun alle Liewensmëttel, déi weltwäit produzéiert ginn, ewechgehäit. Well gläichzäiteg awer bal eng Milliard Mënschen op der Welt Honger leiden, ass et net acceptabel, näischt dogéint ze ënnerhuelen. Nieft der moralescher Obligatioun, sech dem Problem unzehuelen, däerf een och déi ekologesch Dimensioun net vergiessen! Duerch d’Reduzéierung an d’Preventioun vu Liewensmëttelverloschter a Liewensmëttelverschwendung ginn CO2-Emissioune reduzéiert an de Verbrauch vu Land a Waasserressourcë gëtt geschount.

Zu Lëtzebuerg hu mir eis d’Zil gesat, fir bis 2030 d’Liewensmëttelverschwendung am Handel, an der Restauratioun wéi och bei de Konsumenten ëm d’Hallschent ze reduzéieren. Dat selwecht gëllt och fir d’Produktioun! Hei schwätzt een allerdéngs net vu Liewensmëttelverschwendung, mä vu Liewensmëttelverloschter.

Liewensmëttelverloscht

Liewensmëttel, déi an der Produktioun oder an der Veraarbechtung verluer ginn an de Wee bis an den Handel respektiv bei de Konsument also ni fonnt hunn.
  • Geméis, dat um Feld leie bleift;
  • Uebst, dat aussortéiert gëtt, well et net den Handelsnormen entsprécht.

Liewensmëttelverschwendung

Liewensmëttel, déi am Supermarché, an der Restauratioun oder vu Privatpersounen ewechgehäit ginn.
  • Brout, dat ze vill gebak gouf an um Enn vum Dag ewechgehäit gëtt;
  • Pizzareschter, déi een nom Restaurantbesuch net mat heem hëlt;
  • Zalot, déi am Frigo vergiess gouf an net méi gutt ass.
2016 huet de Landwirtschaftsministère d’Antigaspi-Campagne an d’Liewe geruff, fir un éischter Plaz d’Konsumenten ze sensibiliséieren. Ëmmerhi sinn d’Privatstéit responsabel fir 42 % vun der ganzer Liewensmëttelverschwendung (méi nach ewéi d’Agro-Industrie (39 %), d’Restauratioun (14 %) an d’Distributioun (5 %)). Dofir gouf am Kader vum nationalen Offallplang och festgehalen, eng Reduktioun vu 50 % bis 2030 ze erreechen.

Et läit deemno op der Hand, datt de Ministère fir Landwirtschaft sech dem internationalen Antigaspidag (IDAFLW) uschléisst an den 29. September an de Fokus vun der Sensibilisatioun géint d’Liewensmëttelverschwendung an de Liewensmëttelverloscht setzt.

Fir den éischten internationalen Antigaspidag presentéiere mir Iech dofir eng ganz Partie flott Aktiounen, déi hei am Land aktiv géint d’Liewensmëttelverschwendung virginn.

Wann Dir och gutt Iddien hutt an inspiréiert sidd, fir en eegene Projet op d’Been ze stellen, da maacht beim Appel à projets mat … Déi flottst Iddie gi vum Ministère fir Landwirtschaft finanziell ënnerstëtzt.
Aktiven Antigaspi

Aktiven Antigaspi

ENTDECKEN
Antigaspi appel à projet

Mir ënnerstëtzen
äre Projet

matmaachen

Aktiven Antigaspi

F4A gouf Enn 2018 gegrënnt a séier duerch international Präisser fir hiert Engagement am Kampf géint Liewensmëttelverschwendung unerkannt.

D’Konzept vun F4A besteet doranner, d’Liewensmëttelverschwendung um Niveau vun de Supermarchéen ze reduzéieren. Duerch hir technologesch Léisungen, besonnesch hir digital Applikatioun, verbënnt F4A op eng liicht Aart a Weis Konsumenten an Händler. Händler kënnen duerch d’F4A-App d’Visibilitéit vun de Produiten, deenen hiren Haltbarkeetsdatum geschwënn ofleeft, erhéijen an esou hir Clienten an Echtzäit iwwer d’Offer u Liewensmëttel zu reduzéierte Präisser informéieren.

Zousätzlech bitt d’F4A-App eng Hellewull Rezepter un, duerch déi een sech kann inspiréiere loossen.

Food4All Logo

Food4All

"F4A unzehuelen, bedeit d’Liewensmëttelverschwendung ze reduzéieren, d’Nettomargë vun den Händler ze erhéijen a jidderengem Zougank zu enger qualitativ héichwäerteger Ernärung ze ginn."
Ilana Devillers – Grënnerin & CEO vun F4A

f4a.icu
Antigaspi Frigo

Antigaspi-Frigo zu Tënten

"Le gaspillage alimentaire est une insulte à la misère."
Stephane Mossay – Gérant de l'auberge de jeunesse de Hollenfels

youthhostels.lu

Am September 2019 huet d’Jugendherberg vun Huelmes an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Helperknapp an dem Landwirtschaftsministère en Antigaspi-Frigo zu Tënten opgestallt. Ze vill gekachten Iessplate gi vum Restaurant vun der Jugendherberg Huelmes a Mariendall an dëse Frigo gestallt. Jiddereen däerf sech do fir 3 € e Plat siche goen. Hei gëllt de Motto: First come, first served.

Amplaz an der Dreckskëscht ze landen, ginn dës Platen den Awunner vun Tënten a soss Passanten zu engem faire Präis ugebueden, e kuerze Wee zu engem héichqualitative Menü! D’Jugendherberg schafft nämlech mat regionale Produite vum Label „Sou schmaacht Lëtzebuerg“ a Fairtrade-Produiten a setzt sech fir eng nohalteg Ernärung an. Duerch de Projet, deen sech auto-finanzéiert, sinn zwou Tonne Liewensmëttel manner ewechgehäit ginn!

D’Iddi vum BENU VILLAGE – dat éischt Ekoduerf zu Lëtzebuerg, méi prezis op der Escher Grenz – ass 2015 entstanen a soll duerch eng konsequent Kreeslafwirtschaft op sozio-ekologeschem Niveau funktionéieren. Professioneller kënnen eng Plaz am Duerf lounen an hir Aktivitéiten am Respekt vun der BENU-Charta, déi op Transparenz, sozial Responsabilitéit, lokal Produktioun an ekologesch Exzellenz setzt, realiséieren.

Am Moment ass de BENU Village nach am Opbau. Geplangt ass awer, datt sech do eng Kleeder-Upcycling-Design-Firma, eng Verkafsplattform fir soziale Konscht-Upcycling an en AntiGaspi-Restaurant installéieren. Am éischten AntiGaspi-Restaurant zu Lëtzebuerg läit de Fokus op lokalem Bio-Iessen an natierlech och op Antigaspi. Hei soll just mat „rescued food“ gekacht ginn, also mat Liewensmëttel, déi et net bis an de Supermarché gepackt hunn, well se wuel den Normen entspriechen, mee vum Client meeschtens aus ästheetesche Grënn net géife kaaft ginn. De Restaurant wäert op inklusiver Basis funktionéieren. Den AntiGaspi-Restaurant, deen nach am Opbau ass, gëtt natierlech just aus recycléierte Materialien opgeriicht a wäert géint Enn dës Joers seng Dieren opmaachen.

BENU Logo

BENU Restaurant

"Mat deene Liewensmëttel, déi all Joer produzéiert ginn, awer weeder vu Mënsch nach Déier konsuméiert ginn, kéint jidder Eenzelen op der Äerd dräi Moolzechten am Dag preparéiert kréien. Donieft geheit all Stot 100 kg Liewensmëttel am Joer ewech. Dat ass e Skandal. De BENU-Restaurant bitt eng Alternativ a preparéiert héichwäertegt Iessen, fir de Leit Courage ze maachen, dass et och anescht geet."
Georges Kieffer – Initiateur vum BENU Village

benu.lu

Dudelmagie Logo

Dudelmagie

"Ob ze grouss oder ze kleng, bei ons gëtt all Ee wäertgeschätzt."
Marc Emering – Bedréiwer vum Biohaff An Dudel

dudelmagie.lu

Aus engem klassesche Mëllechvéibetrib gouf 2007 e Bio-Héngermaaschtbetrib. 2013 ass dunn Dudel-Magie entstanen – ënnert dësem Numm gi Pouleten an och Bio-Nuddele verkaaft. D’Iddi, fir Nuddelen ze produzéieren, ass entstanen, fir d’Eeër, déi net am Handel kënnen ofgesat ginn, well se den Handelsnormen net entspriechen, net mussen ewechzegeheien, mä weider kënnen ze verwäerten! Dudel-Magie gouf 2014 mam Bio-Agrar-Präis an der Kategorie Weiderveraarbechtung vu biologesche Produiten ausgezeechent.

Duerch dës innovativ Iddi gëtt net nëmmen d’Liewensmëttelverschwendung reduzéiert, mee dëst Virgoen huet duerch dee kuerzen Transportwee och e positiven Impakt op den Ressourcëverbrauch vun den Nuddelen.

Ze kromm, ze kleng, ze grouss – ze onperfekt: D’Iddi hannert onperfekt ass et, den éischte Buttek fir „onperfekt“ Liewensmëttel zu Lëtzebuerg ze grënnen an esou zesumme géint Liewensmëttelverschwendung virzegoen. An dësem Buttek sollen Iesswueren, déi aussortéiert musse ginn, well se net den Normen entspriechen oder well de Mindesthaltbarkeetsdatum iwwerschratt ass, eng zweet Chance kréien, op den Dësch ze kommen.

Niewent dësem Aspekt sollen duerch de Buttek awer och lokal a regional Produzenten ënnerstëtzt ginn, entweeder duerch eng zweet Recolte bei de regionale Geméisbaueren um Feld oder duerch d’Sichegoe vun onverkaafte Produite bei kleng Produzenten, Epicerien a Supermarchéen. D’Liewensmëttel ginn zu engem „Gëff wat et dir wäert ass“-Präis verkaaft. Onperfekt gëtt als Cooperative gegrënnt, bei där aktiv Memberen am Buttek an och um Feld hëllefen.

Am Moment gi Leit gesicht, déi sech aktiv um Projet bedeelege wëllen. De Buttek selwer soll an enger éischter Phas a Form vun engem Pop-up-Store funktionéieren a spéider soll e Geschäft am Norden oder Zentrum vum Land opgemaach ginn.

Onperfekt Logo

On.perfekt

"Eis Welt ass net perfekt, firwat soll eist Geméis et da sinn?"
Aline Hentz & Fabienne Faber & Julia Gregor - Grënnerinne vun on.perfekt

onperfekt.lu

Foodsharin Luxembourg Logo

Foodsharing Luxembourg

"Wann ee bis gesäit, wéi vill genéissbaart Iessen ewechgehäit gëtt a muss ginn, kann et engem net méi egal sinn. Et war fir mech eng Motivatioun, aktiv dofir ze schaffen, de System, an deem mir liewen, nohalteg ze veränneren."
Michelle Kleyr – Matbegrënnerin vu Foodsharing Luxembourg

foodsharing.lu

Foodsharing Luxembourg besteet zënter 2019 an ass e Veräin ouni Gewënnzweck, deen sech als Zil gesat huet, Liewensmëtteloffäll zu Lëtzebuerg ze reduzéieren.
Dëst soll duerch verschidde Projete geschéien:

  • Kooperatioune mat Liewensmëttelgeschäfter, Restauranten, Caféen … fir Reschter, déi net méi däerfe verkaaft ginn, ofzehuelen an ze verdeelen,
  • Opstellen an Ënnerhale vun oppene Frigoen, fir iwwerschësseg Liewensmëttel vu private Stéit ze deelen, an
  • Sensibiliséierung ënner anerem duerch Infostänn a Kachaktiounen.
All Mount gëtt et en Informatiounstreffen, bei deem sech interesséiert Leit iwwer de Veräin informéiere kënnen.

D’Eppelpress ass e Familljebetrib, deen zënter 2008 regionaalt Uebst notzt fir Jus, Sirop, Gebeess a Balsamesseg hierzestellen. A well et ouni Beie keen Uebst gëtt, suergen zënter zwee Joer déi eege Beievëlker fir d’Bestäubung vun den Uebstbléien. Hunneg an Hunnegdrëpp ergänzen d’Offer.

Jiddweree ka mat sengem Uebst op RDV bei der Eppelpress laanschtkommen. Vun 200 kg Äppel kritt ee Viz gepresst. Och anert iwwerschëssegt Uebst ka bei der Eppelpress no Ofsprooch ofgeliwwert ginn, wou et dann an hirer Produktioun matverschafft gëtt.

Den Trester gëtt am landwirtschaftleche Betrib un d’Kéi verfiddert oder an d’Biogasanlag geliwwert, fir Energie ze produzéieren.

Eppelpress wëll eng Motivatioun bidden, fir eis Bongerten ze erhalen an ze fleegen. Dat geet nëmmen, wann en Notze fir d’Uebst ginn ass. Antigaspi geet bei der Recolte an hirer Verwäertung un.

Eppel Press Logo

Eppelpress

"Eis Clientë sinn Deel vun der Produktioun a wëssen esou ëm de Wäert vun hirem Viz. An all Glas Jus stécht hiert Engagement vun der Bléi bis zur Recolte vun den Äppel."
Jean-Paul Friederes – Grënner vun der Eppelpress

eppelpress.lu

Sozialepicerien- a Restauranten

Sozialepicerien- a Restauranten

Fir Persounen a prekäre Liewenssituatiounen ass den Zougank zu Liewensmëttel net ëmmer einfach. Dëser Problematik hunn sech d’Sozialepicerien a -restauranten ugeholl a gi mat hiren Demarchë gläichzäiteg géint Liewensmëttelverschwendung vir.

centbuttek.lu | buttek.lu | stemm.lu

D’Butteker vun der Caritas an dem Roude Kräiz verfügen iwwer eng Rëtsch Grondartikelen, déi fir een Drëttel vum Akafspräis verkaaft ginn. Dës Basisoffer gëtt duerch Artikelen, déi am Supermarché net verkaaft goufen, awer nach gutt sinn, completéiert. Heifir muss oft just e symbolesche Präis bezuelt ginn.

D’Sortiment vun den Cent-Butteker besteet haaptsächlech aus Liewensmëttel, déi gratis vun de Supermarchéen zur Verfügung gestallt ginn. Fir e symboleschen Don vun 2 €, also 200 Cent (Originn vum Numm „Cent“-Buttek), ginn dës Liewensmëttel un d’Clientë verdeelt.

An de Sozialrestaurante vun der Stëmm vun der Strooss kënne Persounen a prekäre Liewenssituatiounen sech fir 0,50 € en Iessen a fir 0,25 € e Gedrénks kafen. D’Iesswuere stamen aus engem Partenariat mat engem Hypermarché a gi vun de Leit aus dem Atelier Caddy, och vun der Stëmm vun der Strooss, ofgeholl a verdeelt.

D’Mataarbechter, déi zu engem groussen Deel benevol sinn, këmmeren sech ëm d’Ofhuele vu Liewensmëttel aus de Supermarchéen, den Tri an d’Lageren an de gudde Fonctionnement vun de Butteker bzw. d’Preparatioun vun de Liewensmëttel fir d’Consommatioun am Restaurant.

Appel à projets

Sidd Dir och antigaspi? Da loosst et ons wëssen a reecht ons Ären Antigaspi-Projet eran. Mat enger finanzieller Gesamtenveloppe vu 7.500 € gëtt deen oder déi bescht Projete vum Landwirtschaftsministère ënnerstëtzt.

Matmaache ka jiddereen – egal ob Privatpersounen, Kooperativen, Associatiounen oder soss Initiativen. Eenzeg Bedéngung ass, datt Äre Projet zur Preventioun an zur Reduzéierung vu Liewensmëttelverloschter an/oder Liewensmëttelverschwendung zu Lëtzebuerg bäidréit.

Zousätzlech zur finanzieller Ënnerstëtzung ginn déi zeréckbehale Projeten och op der Plattform antigaspi.lu publizéiert an esou der Ëffentlechkeet virgestallt.

Fir e Projet eranzereechen, braucht Dir just de Formular „Soumission d’un projet antigaspillage“ auszefëllen an en ons per Mail (antigaspi@ma.etat.lu) oder per Post (Ministère de l'Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural, „Antigaspi“, 1, rue de la Congrégation, L-1352 Luxembourg) zoukommen ze loossen.

Opgepasst, Stéchdag fir e Projet anzereechen, ass den 30. November 2020!

De Formular esou wéi déi offiziell Bestëmmunge mat weideren Detailer fannt Dir hei a Form vu PDF-Dokumenter.

Mir freeën ons op Är Iddien a soen elo schonns Merci fir Ären Engagement.

file-pdf-o linkedin facebook pinterest youtube rss twitter instagram facebook-blank rss-blank linkedin-blank pinterest youtube twitter instagram