Plangt den Akaf am Viraus a passt op bei Reklammen.

Plangt Är Moolzechte virum Akaf, iwwerpréift wat fir eng Liewensmëttel Dir nach hutt a kaaft nëmmen dat an, wat Dir och wierklech braucht. Zéit regional a saisonal Produite vir, déi hu keng laang Transportweeër hannert sech a sinn dowéinst méi ëmweltfrëndlech, frësch a gesond.

Verschidde Butteker bidde Liewensmëttel, déi geschwënn oflafen, zu engem reduzéierte Präis un. Profitéiert dovunner! Dir maacht eppes géint d’Liewensmëttelverschwendung a fir Äre Portmonni. Mee kaaft se nëmmen, wann Dir se och verbrauche wäert.

Kaaft Reklamme wou Dir manner bezuelt wann Dir méi huelt (z. B. 3 fir 2 oder + 20 % vum Inhalt gratis) nëmmen dann, wann Dir déi gréisser Quantitéit och wierklech braucht oder afréiere kënnt. Soss verbëtzt Dir net nëmme Liewensmëttel, mee och Är Suen.