Liewensmëttel deelen

Foodsharing Luxembourg besteet zënter 2019 an ass e Veräin ouni Gewënnzweck, dee sech als Zil gesat huet, Liewensmëtteloffäll zu Lëtzebuerg ze reduzéieren.

Dëst soll duerch verschidde Projete geschéien:

  • Kooperatioune mat Liewensmëttelgeschäfter, Restauranten, Caféen … fir Reschter, déi net méi däerfe verkaaft ginn, ofzehuelen an ze verdeelen,
  • Opstellen an Ënnerhale vun oppene Frigoen, fir iwwerschësseg Liewensmëttel vu private Stéit ze deelen, an
  • Sensibiliséierung ënner anerem duerch Infostänn a Kachaktiounen.

All Mount gëtt et en Informatiounstreffen, bei deem sech interesséiert Leit iwwer de Veräin informéiere kënnen.

Wann ee bis gesäit, wéi vill genéissbaart Iessen ewechgehäit gëtt a muss ginn, kann et engem net méi egal sinn. Et war fir mech eng Motivatioun, aktiv dofir ze schaffen, de System, an deem mir liewen, nohalteg ze veränneren. " Michelle Kleyr – Matbegrënnerin vu Foodsharing Luxembourg