Liewensmëttel zu reduzéierte Präisser

F4A gouf Enn 2018 gegrënnt a séier duerch international Präisser fir hiert Engagement am Kampf géint Liewensmëttelverschwendung unerkannt.

D’Konzept vun F4A besteet doranner, d’Liewensmëttelverschwendung um Niveau vun de Supermarchéen ze reduzéieren. Duerch hir technologesch Léisungen, besonnesch hir digital Applikatioun, verbënnt F4A op eng liicht Aart a Weis Konsumenten an Händler. Händler kënnen duerch d’F4A-App d’Visibilitéit vun de Produiten, deenen hiren Haltbarkeetsdatum geschwënn ofleeft, erhéijen an esou hir Clienten an Echtzäit iwwer d’Offer u Liewensmëttel zu reduzéierte Präisser informéieren.

Zousätzlech bitt d’F4A-App eng Hellewull Rezepter un, duerch déi een sech kann inspiréiere loossen.

F4A unzehuelen bedeit d’Liewensmëttelverschwendung ze reduzéieren, d’Nettomargë vun den Händler ze erhéijen a jidderengem Zougang zu enger qualitativ héichwäerteger Ernärung ze ginn. " Ilana Devillers – Grënnerin & CEO vun F4A