D’Eppelpress ass e Familljebetrib, deen zënter 2008 regionaalt Uebst notzt fir Jus, Sirop, Gebeess a Balsamesseg hierzestellen. A well et ouni Beie keen Uebst gëtt, suergen zënter zwee Joer déi eege Beievëlker fir d’Bestäubung vun den Uebstbléien. Hunneg an Hunnegdrëpp ergänzen d’Offer.

Jiddweree ka mat sengem Uebst op RDV bei der Eppelpress laanschtkommen. Vun 200 kg Äppel kritt ee Viz gepresst. Och anert iwwerschëssegt Uebst ka bei der Eppelpress no Ofsprooch ofgeliwwert ginn, wou et dann an hirer Produktioun matverschafft gëtt.

Den Trester gëtt am landwirtschaftleche Betrib un d’Kéi verfiddert oder an d’Biogasanlag geliwwert, fir Energie ze produzéieren.

Eppelpress wëll eng Motivatioun bidden, fir eis Bongerten ze erhalen an ze fleegen. Dat geet nëmmen, wann en Notze fir d’Uebst ginn ass. Antigaspi geet bei der Recolte an hirer Verwäertung un.

Eis Clientë sinn Deel vun der Produktioun a wëssen esou ëm de Wäert vun hirem Viz. An all Glas Jus stécht hiert Engagement vun der Bléi bis zur Recolte vun den Äppel. " Jean-Paul Friederes – Grënner vun der Eppelpress