D’Pfleeg vun engem Bongert ass zäitopwänneg a mécht vill Aarbecht. Hautdesdaags leien d’Friichten dacks ongenotzt op de Wisen a vill Bongerten ginn einfach net méi ënnerhal.
Kierfchen.lu
D’Bongerten an der Lëtzebuerger Landschaft revaloriséieren
Kierfchen.lu bréngt Leit zesummen, déi un de Friichten (an de Beem) interesséiert sinn, a fërdert domat d’Notzung vun dësem traditionelle Kulturelement, vun der Grénglandbewirtschaftung iwwert d’Pfleeg vun de Beem bis hin zu der Vermaartung vun de Produiten.
Kierfchen.lu verbënnt all d’Acteuren, déi mat Uebstbeem ze dinn hunn. Uebstbeem-Besëtzer kënnen hiert Uebst zum Verkaf ubidden, Konsumenten a Produzenten kënnen Uebst kafen – mam Zil, d’Bongerten an der Lëtzebuerger Landschaft ze revaloriséieren. Betriber wéi regional Produzenten a Restauranten sinn och opgelëscht. Doriwwer eraus kann ee no Standuerter fir Beiestäck, Land fir ze pachten, Maschinnen a villem méi sichen.