Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

De Self Service-Frigo am Zentrum vum Duerf

D’Jugendherberg vun Huelmes bedreiwt ee Self Service-Frigo zu Tënten fir hire gekachte Menüen eng zweet Chance ze bidden, giess ze ginn.

Déi Platen déi ze vill gekacht gi sinn, stellt d’Jugendherberg an de Frigo. Jiddereen däerf sech do zerwéieren a bezuelt 3 € pro Plat.

Ee Frigo fir net konsuméiert Platen ze verkafen

Dës Initiativ reduzéiert d’Quantitéite vun organeschem Offall an offréiert den Awunner a Passanten héichqualitativ Menüen, déi net deier sinn.

Ausserdeem respektéiert d’Jugendherberg de fairen Handel andeem se «Fairtrade» Produkter benotzt, ënnerstëtzt eng nohalteg Ernierung a kacht Menüe mat regionale Produkter vum Label «Sou schmaacht Lëtzebuerg».

Op der Facebooksäit vun der Jugendherberg Huelmes gëtt all Dag presentéiert wat am Frigo ass.

D‘Initiativ gëtt ëmgesat vun der Jugendherberg vun Huelmes mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Helperknapp an dem Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau.

Antigaspi
Privacy Overview

Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.