Iesswueren logesch araumen
D’Iesswueren op eng logesch Manéier souwuel an d'Schief wéi och an de Frigo araumen
Liewensmëttel déi liicht verdierwe mussen am Frigo gelagert gi fir eng Verbreedung vu Keimen ze verhënneren a sécher ze stellen dass se sech méi laang halen.
De Frigo huet verschidden Temperaturberäicher. Kuckt heizou d’Gebrauchsuweisung vun Ärem Frigo.
Opgepasst : Munch Uebst- a Geméiszorten (wéi z.B. Orangen, Kalbassen, Gromperen a.s.w.) halen sech méi laang wann se net am Frigo gelagert ginn.