Arme Ritter mat Äppel oder Bieren
Zutaten:
8 Tranchen alt Brout oder 4 haart Bréidercher,
2-3 Bieren oder Äppel (z.B. Boskop),
4 Iessläffel Zocker,
1 Zitroun,
1 Pak Vanillzocker oder alternativ Vanillpudding,
500 ml Mëllech
3 Eeër
Botter
1 Prise Salz
50g Korinten oder Cranberries
50g Nëss (déck Nëss oder Pinie Käre)
évent. Kanéil an/oder Pudderzocker
Oplaf-Schossel
Zoubereedung:
- Den Bakuewen op 200°C vir hëtzen. E Schnatz Botter an der Schossel verreiwen.
- Bréidercher an dënn Tranche schneiden. D’Tranche Brout am Bakuewen kuerz uréischteren.
- D’Bieren oder Äppel schielen an a Spalte schneiden. E bësse Botter an 1 Iessläffel Zocker an enger
Pan erhëtzen. D’Uebst kuerz an der Pan schwenken, mat Zitrounejus ofläschen an ofkille loossen. - Mëllech, Eeër, Salz, Vanillzocker oder Pudding mam Rescht Zocker kräfteg opschloen.
- D’Tranche Brout kuerz an des Eeër-Mëllech zappen an ofwiesselnd mam Uebst an der Schossel
schichten. - Korinten an Nëss driwwer streeën.
- Da bei 200°C fir 20 – 25 Minutten baken.
- Eraus huelen, bëssen ofkille loossen a mat Pudderzocker an/oder Kanéil bestäuben.