21/06/2021

Am „Cliärrwer Haus“ vum Regionale Sozialzenter Norden (Resonord) steet säit Januar 2021 een Antigaspi-Frigo. Déi Iesswueren, déi bei „Cocottes Fresh & Home-Made Food“ net verkaaft goufen, ginn all Dag an de verschiddene Geschäfter ewechgeholl an u bedierfteg Famillen a Leit verdeelt. Dat wat bei „Cocottes“ zu Maarnech net verkaaft gëtt, kënnt an den Antigaspi-Frigo vum Resonord zu Klierf.

Dat sinn am Duerchschnëtt 30 grouss, respektiv kleng Platen oder Desserten. „Waarm Plate gi mir ëmmer lass, Desserten a Patisserie och“, seet d’Evelyne Mertens vum Resonord. Wann emol eppes am Frigo stoe bleift, dann ass dat eng kal Zalot.

De Resonord kritt d’Iesswuere gratis vu „Cocottes“ a gëtt se och fir näischt un d’Leit weider. De Verbrauchsdatum ass bei all deene Platen an Desserten nach net ofgelaf. Um Frigo ass den Antigaspi-Logo vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung ubruecht, d’Zeeche fir d’Ënnerstëtzung vun dëser Initiativ. Niewendrun steet ee Regal fir dréche Liewensmëttel, déi net gekillt musse ginn. Brout, Kichelcher oder Nuddelen aus der Epicerie sociale, déi och am „Cliärrwer Haus“ ass, bei deenen de Mindesthaltbarkeetsdatum ofgelaf ass, leien hei dran an d’Clientë kënne sech bedéngen.