Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
14/03/2023

E verantwortungsvollen Ëmgang mat Liewensmëttel an eng nohalteg Ernärung an de Gemengekantinnen, dat sinn d’Ziler, déi de Landwirtschaftsministère an Zesummenaarbecht mat de Gemenge verfollegt. Zu dësem Zweck huet de Ministère een Amendement ausgeschafft, den d’Gemengen an hire Cahier des Charges fir d’Gemeinschaftsgastronomie kënnen intégréieren. Doriwwer eraus bitt de Ministère gratis Coursen op d’Mooss fir dat verantwortlecht Kichepersonal un. Interesséiert Gemenge kënne sech per E-Mail un antigaspi@ma.etat.lu oder bio@ma.etat.lu fir dës Coursen umellen.

Den Amendement bezitt sech souwuel op d’Campagne „Zesumme géint d’Lebensmittelverschwendung“ wéi och op de nationalen Aktiounsplang PAN-Bio 2025 a beinhalt folgend Punkten:

  • Zwee Mol am Joer gi wärend dräi Wochen d’Liewensmëttel gewien, déi an der Kichen an am Restaurant verschwent goufen.
  • Déi Liewensmëttel, déi an der Kichen iwwregbliwwe sinn, ginn an anere Platen verschafft, dëst enger interner Prozedur an den Hygiensvirschrëften entspriechend.
  • 50 % vun de Produiten, déi an der Kiche verschafft ginn, kommen aus der Lëtzebuerger Landwirtschaft – dovunner 2/5 aus der Bio- an 3/5 aus der lokaler Produktioun. Heibäi gëtt Liewensmëttel aus Ëmstellungsbetriber de Virrang ginn.
  • Déi „bio-lokal“ a „lokal“ Produite ginn um Menü ervirgehuewen.
Antigaspi
Privacy Overview

Nous utilisons des cookies pour vous garantir la meilleure expérience possible sur notre site web. Comme nous respectons votre droit à la vie privée, vous pouvez choisir de ne pas autoriser certains types de cookies. Toutefois, le blocage de ces cookies peut avoir une incidence sur votre expérience du site et sur les services que nous sommes en mesure de vous offrir.