Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
23/11/2021

40 Gemengen hu beim Start vun der Aktioun „Gielt Band – Hei dierft Dir plécken“ matgemaach. De Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung seet hinnen dofir Merci! D’Gemenge setzen sou een Zeeche géint d’Verschwendung vu Liewensmëttel.

D’Aktioun „Gielt Band“ ass zäitlech net begrenzt. Si fänkt all Joer op een Neits un, wann d’Kiischten zeideg sinn, ëm de Juli also. Bis dohi kënnen d’Gemengen sech beim Ministère nei giel Bännercher bestellen, fir déi ze ersetzen, déi iwwert de Wanter futti gaange sinn.

Natierlech kënnen sech och all déi Gemenge beim Ministère mellen, déi vun 2022 u wëlle bei der Aktioun „Gielt Band“ matmaachen an hire Bierger d’Geleeënheet ginn, d’Uebst vun de Gemengebeem ze plécken. Si kënnen dofir einfach eng E-Mail op antigaspi@ma.etat.lu schécken. Och all Privatpersoun, déi der Ëffentlechkeet Zougang zu hiren Uebstbeem wëll ginn, fir d’Friichten ze rafen an ze plécken iert se verfaulen, ass Wëllkomm.

Antigaspi
Privacy Overview

Nous utilisons des cookies pour vous garantir la meilleure expérience possible sur notre site web. Comme nous respectons votre droit à la vie privée, vous pouvez choisir de ne pas autoriser certains types de cookies. Toutefois, le blocage de ces cookies peut avoir une incidence sur votre expérience du site et sur les services que nous sommes en mesure de vous offrir.