Wat fir Toilettëpabeier gëllt, gëllt och fir Liewensmëttel
« Mir hu genuch z’iessen am Land! Hei zu Lëtzebuerg hu mir eng ganz gutt Produktioun. Eleng an de Beräicher vun der Mëllechproduktioun, vum Fleesch, vum Geméis, resp. bei den Äer a bei de Kären si mir ganz gutt opgestallt. Et ass och esou, datt mir selbstverständlech nach ëmmer Liewensmëttel aus dem Ausland geliwwert kréien, sou datt de Moment d’Palett vun de Liewensmëttel zu Lëtzebuerg do ass.
Ech maachen awer den Appell, datt ee grad an dësen Zäiten domadder soll respektvoll ëmgoen, just déi Liewensmëttel soll akafen déi ee brauch, an net ze iwwerdreiwen, net datt een d’Hallschent vun de Liewensmëttel muss wechgeheien. Déi géifen herno an der Liewensmëttelketten deene Leit, di se brauchen, feelen. » (Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a regional Entwécklung, 25.3.2020)
An Zäite vum Coronavirus ginn aus Angscht virun enger laanger Quarantän an engem Manktem un Liewensmëttel ëmmer méi Hamsterkeef getätegt. Dës Angscht ass awer onberechtegt : de Premier an de Landwirtschaftsminister hu kloer gestallt datt et am Liewensmëttelberäich zu kenger Penurie wäert kommen.
Trotzdeem gesäit een op där enger Säit eidel Rayonen an de Supermarchéen esou datt een normalen Akaf deels net méiglech ass an op där aner Säit gi Liewensmëttel masseweis doheem stockéiert. Dës Liewensmëttel kënnen am Endeffekt net all giess ginn a wäerte leider zum groussen Deel an der Poubelle landen. Hamsterkeef droen also net nëmmen dozou bäi datt een Däiwelskrees entsteet, mee sinn och eng Geld- a Liewensmëttelverschwendung. | ![]() |
Verantwortungsbewossten Ëmgang & richteg Lagerung
|
|
|
|
Vum Hamster zum Gäertner ginn
Oder wéi wier et fir no der Corona-Isolatioun ee Gemeinschaftsgaart an ärer Gemeng ze grënnen? An Zäite wéi elo mierkt ee wéi wichteg sozial Kontakter sinn an zesummen si mir ëmmer méi staark.
Der Liewensmëttelverschwendung keng Chance ginn
Duerch Anhale vun den uewegenannte Recommandatioune ka jiddereen säin Deel am Kampf géint Liewensmëttelverschwendung a fir eng solidaresch Gesellschaft bäidroen. An deem Sënn bleift just nach Folgendes ze widderhuelen :
Sief keen Hamster – sief ee verantwortungsbewosste Konsument
Den Hamsterkeefer
|
De verantwortungsbewosste Konsument
|