Wéi hält sech de Kéis am beschten?

Déi optimal Plaz fir de Kéis ass uewen am Frigo. Wa méiglech de Kéis um Stéck an net geschnidden oder gerappt kafen, dann hält e méi laang. De Kéis ëmmer agepaakt an de Frigo leeën, fir datt en net ausdréchent.

Edelschimmelkéis hält sech am beschten an eng Folie agewéckelt oder an engem zouenen Dëppchen. Esou kënne sech d’Schimmelkulturen net op anere Kéis ausbreeden.

Haarden an hallef haarde Kéis dergéint „schweesst“ nawell gär, wann en an eng Folie gewéckelt ass. Et bilt sech Kondenswaasser a Schimmelpilze kënne sech ausbreeden. Am beschte freet een sech am Supermarché Ersatz-Kéispabeier, fir en anzewéckelen, oder et hëlt ee ganz normale Schmierepabeier. D’Schuel vum Kéis, deen een um Stéck keeft, net am Viraus schonn erofschneiden; se schützt viru Schimmelbefall. Wa sech op engem haarde Kéis op enger klenger Plaz Schimmel gebilt huet, kann een dee groussflächeg (2-3 cm ronderëm) ewech schneiden. Wann awer op méi Plaze Schimmel ass, da soll een de Kéis ewechgeheien. Fir festzestellen, ob déi wäiss Punkten um Kéis Salzkristaller oder Schimmelflecke sinn, de Kéis ofwäschen. D’Salz léist sech am Waasser op, de Schimmel net.

Wa sech Schimmel op Frëschkéis oder Schmierkéis gebilt huet, soll een dee ganz ewechgeheie well de Schimmel séier direkt duerch dee ganze Kéis geet.

Och wa Kéis ëmmer frësch am Beschte schmaacht, kann ee verschidden Zorten awer afréieren, z. B. haarde Kéis. An der Killtru geet awer de Goût vum Kéis zum Deel verluer; e kann dréchen a grimmeleg ginn. Wann een deen agefruerene Kéis fir ze Iwwerbaken hellt, spillt dat awer keng grouss Roll. Haarde Kéis mat engem héije Fettgehalt eegent sech am beschten, fir anzeféieren; wat de Waassergehalt am Kéis méi héich ass, wat e manner gëeegent ass fir an d’Tru.

Liewensmëttel

Wäertvoll Tipps fir d’Lageren a Versuerge vu Liewensmëttel.

8 gëlle Reegelen

8 gëlle Reegelen fir manner Liewensmëttel ze verbëtzen.

Rezepter

Rezeptiddie fir Reschter kreativ weider ze verwäerten.