Wéi halen sech Eeër am beschten ?
Am beschten ass et, wann een d’Eeër an dat iewescht Gefaach am Frigo leet. Dacks ass an der Dier vum Frigo och en extra Gefaach fir d’Eeër.
Tipp: Esou fënnt een eraus, ob d’Ee nach frësch ass: D’Ee an e Glas Waasser leeën. Wann d’Ee ganz ënnergeet, ass et nach frësch. Wann et eropkënnt, sollt een et just nach gekacht iessen.
Tipp: Haart gekachten Eeër halen sech méi laang, wann se nom Kachen net kal ofgeschreckt ginn (dat dréit souwisou net dozou bäi, datt een se besser schiele kann).