Wéi halen sech Brout a Bakwueren am beschten?

Fir Brout méi laang frësch ze halen, soll een et an engem Stéck kafen an net geschnidden. Am beschten hält et sech bei Zëmmertemperatur an enger Broutkëscht déi eng gutt Belëftung huet. Vollkorn- a Karbrout hält sech sou bis zu néng Deeg, Weesbrout bis zu dräi Deeg. Et kann een d’Brout och an der Bäckertuut loossen oder an ee Léngesak maachen, mee op kee Fall an eng Plastikstut (wëll do ka Schimmel entstoen) oder an de Frigo leeën (well et do séier ausdréchent an de Goût verléiert).

Brout kann een och afréieren. Ee ganzt Brout kann ee gefruer bis zu sechs Méint halen, geschniddent Brout bis zu dräi Méint. Broutreschter gehéieren dofir an d’Tiefkühltru, an net an d’Dreckskëscht.

Soubal een e bësse Schimmel um Brout gesäit, soll een dat ganzt Brout ewechgeheien. Et geet net duer, déi schimmeleg Plaz ewechzeschneiden, well d’Schimmelspore verdeele sech direkt am ganze Brout a si mam bloussen A net ze gesinn.

Brout wat schonn haart ginn ass ka nach benotzt gi fir ze kachen. Et kann ee Chapelure oder Croûtonen doraus maachen, ee Gratin oder Pain perdu (Arme Ritter) z. B.

Kuch soll een zougedeckt bei Zëmmertemperatur stoe loossen, Kuch an Taarte mat Schlagsan, Crème oder Uebst sollen an enger Frischhaltebox an de Frigo gestallt ginn, do halen se sech bis zu zwee Deeg. Kichelcher gehéieren an eng bleche Béchs, déi loftdicht ass, a soll méi kill stoen, awer net am Frigo.

Liewensmëttel

Wäertvoll Tipps fir d’Lageren a Versuerge vu Liewensmëttel.

8 gëlle Reegelen

8 gëlle Reegelen fir manner Liewensmëttel ze verbëtzen.

Rezepter

Rezeptiddie fir Reschter kreativ weider ze verwäerten.