Banannegebeess, op Basis vu brongen Banannen

Zutaten:

1 kg Banannen (= +/- 5 Banannen), 600 g Cassonade, 300 ml Zitrounejus (= +/- 4 Zitrounen), Jus vun enger gepressten Orange an 1 Vanillschote

Zoubereedung:

Zitrounen-, Orangëjus an di a Rondele geschnidde Banannen an eng Kasserolle maachen, d‘Cassonade dobäi schëdden an alles bei mëttlerer Hëtzt 45 Minutten kachen.

Wann een d’Gebeess léiwer reng huet kann een zum Schluss mam Mixer doduerch fueren.

A Gebeessglieser fëllen an ofkille loossen.

Dëst Gebeess kann een op der Schmier iessen oder nees kuerz opkachen, mat engem Schotz Rumm
flambéieren a bei eng Vanillsglace zerwéieren.

Food

Useful tips for storing and preserving food.

8 golden rules

8 golden rules for wasting less food.

Recipes

Recipe ideas for using leftovers creatively.