15/11/2024
Am Kader vum internationalen Antigaspi-Dag hat de Landwirtschaftsministère d’Leit dozou opgeruff, hier Antigaspi-Rezepter eranzeschécken; déi Rezepter also, an deenen d’Reschter vun deenen Deeg virdru verschafft ginn. Ënnert all den Zouschrëfte gouf dat originellst Antigaspi-Rezept erausgesicht: Pasta mat enger Kalbass-Feta-Zooss vun der Madamm Mandy Poncin. Si huet dofir Reschter vun enger Lasagne a vun enger Kalbass mat Feta aus dem Uewen verwäert.
Hei ass d’Rezept:
- Lasagneblieder a Stécker briechen a wéi Nuddelen a gesalztem Waasser kachen.
- Déi scho gebake Kalbass mam Feta an enger Kasseroll opwiermen. Ram dobäi ginn a mam Mixer zu enger Zooss püréieren. Wa se net flësseg genuch ass, e bëssen Nuddelwaasser dobäi schëdden.
- Fir e bësse Faarf a Bëss an de Plat ze bréngen, kommen e puer gréng Ierbessen aus dem Tifküler dobäi.
- Dat Ganzt mat Salz, Peffer a Kürbisgewürz wierzen.
- Déi gekachte Stécker Lasagneblieder ofwiesselnd mat der Zooss an e puer Schichten op een Teller maachen.
- Parmesan uewendrop ginn, frësch gehuwwelt wa méiglech.
- Frësche Basilikum, Piniekären an ee Schotz Olivenueleg dobäi ginn.