An der Mediathéik hei op antigaspi.lu gëtt flott an informatiivt pedagogescht Material zum Thema Antigaspi ugebueden. De Projet „Mir sinn Antigaspi, an Dir?“ riicht sech u Kanner tëschent 4 an 12 Joer, déi an d’Maison Relais ginn.
D’Zil ass et, d’Kanner op eng spilleresch Aart a Weis fir Theeme wéi Liewensmëttelverschwendung a lokaalt souwéi biologescht Iessen ze sensibiliséieren. De Projet ëmfaasst verschidden Challengen: kollektiv Challengen, déi an der Maison Relais ëmgesat ginn, an individuell Challengë fir doheem mat der Famill ze maachen. Zum Schluss kréien d’Kanner all en Zertifikat, fir si fir hir Efforten ze belounen.
Déi 6 kollektiv Challengë sinn:
- Spill iwwer saisonaalt Uebst a Geméis
- Treffe mat engem lokale Produzent
- Menü zesummestellen
- Kach-Workshop
- Analys vu Liewensmëttelverschwendung
- Bastel-Aktivitéit
Déi 8 Challengë fir doheem sinn:
- Zesumme kachen
- Haltbarkeets-Datumer
- Planzen
- Liewensmëttelverschwendung
- Den Antigaspi-Frigo
- Uebst plécken
- Antigaspi-Film
- Iddiskëscht
Mat Hëllef vun dësem pedagogesche Material léieren d’Kanner scho vu klengem un, den Ëmgang mat Liewensmëttel an d’Iessen nohalteg ze gestalten.