Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
17/01/2023

Dënschdes- a samschdegowes ginn déi benevole Membere vun der Asbl Transition Nord a véier Geschäfter an der Regioun Wolz Liewensmëttel sichen, déi net méi verkaaft kënne ginn. 2022 hu si sou ronn 10 Tonnen Iesswuere gratis u Leit verdeelt. 65 Famille komme reegelméisseg dënschdes- a samschdegowes souwéi mëttwochsmoies op Nummer 10 an d’Campingstrooss zu Wolz Liewensmëttel sichen. Dat sinn 230 Persounen, dorënner 90 Kanner.

Mat dëser Initiative huet Transition Nord 2021 den Opruff fir Projeten vum Landwirtschaftsministère gewonnen. Vum Präisgeld huet d’Asbl dräi Frigoen an eng Tiefkühltruh kaaft, fir d’Iesswuere kënnen ze lageren, bis se verdeelt ginn.

Transition Nord, déi am Éislek Initiativen am Beräich vun der ekologescher Transition ëmsetzen, wëllen de Projet „Fair deelen“ weider ausbauen a nach Geschäfter dozou motivéieren, hinnen hier onverkaafte Liewensmëttel ze iwwerloossen. Déi Leit, déi wëlle Liewensmëttel siche kommen, kënnen sech iwwer E-Mail un transitionnord@cell.lu mellen a ginn dann an d’WhatsApp-Grupp opgeholl, iwwert déi d’Verdeelterminer matgedeelt ginn.

Antigaspi
Privacy Overview

We use cookies to make sure you get the best experience on our website. Because we respect your right to privacy, you can choose not to allow some types of cookies. However, blocking some types of cookies may affect your experience of the site and the services we are able to offer.