Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
21/04/2023

D’Saison vun de Fester steet virun der Dier an de Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung rift d’Organisateure vun Evenementer dozou op matzehëllefen, dass beim Feieren sou mann wéi méiglech Iesswuere verbëtzt ginn. A senger Antigaspi-Charta fir Evenementer huet de Ministère eng ganz Rei praktesch Tipps opgelëscht, mat deenen d’Liewensmëtteloffäll kënne reduzéiert ginn. 10 vun dëse 15 Mossnamen sinn obligatoresch ëmzesetzen, wann den Organisateur den Antigaspi-Logo „Event“ wëll benotzen. D’Demande fir de Logo ze kréie kann een hei ausfëllen.

De Ministère stellt och Posteren zur Verfügung, déi wärend der Veranstaltung de Public dorop opmierksam maachen, dass si op engem Antigaspi-Event sinn an den Organisateur Moossnamen ëmgesat huet, fir géint d’Verschwende vun Iesswuere virzegoen.

Antigaspi
Privacy Overview

We use cookies to make sure you get the best experience on our website. Because we respect your right to privacy, you can choose not to allow some types of cookies. However, blocking some types of cookies may affect your experience of the site and the services we are able to offer.