Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
02/07/2024

D’Entreprise LSC Engineering Group huet zesumme mat der Kooperativ on.perfekt eng Initiativ géint d’Liewensmëttelverschwendung an d’Liewe geruff. D’Mataarbechter vun der LSC Engineering Group kënnen een Abonnement fir krommt Geméis bei on.perfekt huelen. 12 Woche laang kréien si dann all Woch eng Këscht mat 5 Kilo Geméis op de Büro geliwwert. Dëst Geméis kënnt aus enger zweeter Recolte, déi d’Membere vun der Kooperativ bei regionale Geméisbaueren um Feld maachen. Sou kritt dat Geméis, wat net de Normen entsprécht an dofir net ka verkaaft ginn, obwuel et genausou gutt schmaacht, eng zweet Chance.

Fotoen: LSC Engineering Group

Mat Hëllef vun dëser Initiativ sensibiliséiert d’LSC Engineering Group hiert Personal dofir, wéi wichteg et ass, aktiv géint d’Verschwende vun Iesswuere virzegoen. Doriwwer eraus gëtt d’Geméis a Kartongskëschte geliwwert, déi bei där nächster Liwwerung rëm matgeholl a sou méi wéi eng Kéier genotzt ginn. Mat dëser Initiativ gi Liewensmëtteloffäll reduzéiert a lokal Produzenten ënnerstëtzt; d’LSC Engineering Group krut dofir den Antigaspi-Logo „Initiativ“ vum Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau.

Antigaspi
Privacy Overview

We use cookies to make sure you get the best experience on our website. Because we respect your right to privacy, you can choose not to allow some types of cookies. However, blocking some types of cookies may affect your experience of the site and the services we are able to offer.