Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
29/09/2017

45% vu produzéiertem Uebst a Geméis ginn ewechgehäit

Deeglech ginn Tonne Liewensmëttel ewechgehäit um Wee vum Produzent op den Teller. Uebst a Geméis sinn am schlëmmste betraff, wou no Schätzunge vun der FAO 45 % vun der Produktioun verluer ginn, ënner Anerem well se d’Qualitéitsstandarde fir de Verkaf net erfëllen.
D’Initiativ « Iss Mich », gegrënnt an Éisträich vum Tobias Judmaier nom Succès vun senger bekannter Food-Waste Kachshow, ass ee risege Schrëtt géint d’deeglech Verschwendung vun dësen « Ugly Fruit & Vegetables » (oder « ellent Uebst a Geméis »).

Ënner dem Slogan « Eat it, don’t Waste it » preparéiert a verkeeft dës Organisatioun vegetaresch Platen an nofëllbaren Glieser, a benotzt dobäi exklusiv « ellent » Uebst a Geméis wat normalerweis an der Poubelle gelant wier.

Pro verkaafter Portioun ginn 300 g Uebst a Geméis, souwéi 50 g Plastik gespuert.

Ee Win-Win fir Mënsch a Natur!

Antigaspi
Privacy Overview

We use cookies to make sure you get the best experience on our website. Because we respect your right to privacy, you can choose not to allow some types of cookies. However, blocking some types of cookies may affect your experience of the site and the services we are able to offer.