26/10/2021

Ufanks Oktober sinn zu Beetebuerg ëm déi 120 Leit zesummekomm, fir am Bongert Altenhoven Äppel ze plécken an ze rafen, aus deenen dono Viz gepresst gouf. Dëse Bongert ass 14,6 Hektar grouss an domat dee gréissten a ganz Lëtzebuerg.

Dësen „Dag am Bongert“ gëtt all Joer vun der Gemeng Beetebuerg, natur&ëmwelt an der Natur- a Forstverwaltung organiséiert. Vill Famille mat klenge Kanner huelen dorunner deel. Si kënnen eng, zwou Tuten Äppel fir hire Stot rafen, de Groussdeel vun deene geraaften Äppel gëtt un d’Vizerei Charel Lahr zu Ohn geliwwert. Déi Leit, déi da gäre vun dësem Viz géife kafen, kënne sech op der Plaz an eng Lëscht aschreiwen.

Eng, zwou Tuten Äppel däerf jiddereen fir sech rafen a mat Heem huelen, de Groussdeel vun den Äppel gëtt zu Viz gepresst. Foto: Gemeng Beetebuerg

„An engem gudde Joer komme siwen, aacht Tonnen Äppel zesummen. 2021 war kee gutt Joer fir Uebst, mir sinn op knapps eng Tonn komm“, seet d’Caroline Calmes vum Service écologique vun der Gemeng Beetebuerg.

Fir d’Iessen an d’Gedrénks um „Dag am Bongert“ suergt all Joer d’Jugendhaus vu Beetebuerg a fir déi Kléng steet ee Viz-Velo prett, mat deem si kënne Jus aus Äppel pressen. Dëst Evenement huet all Joer vill Succès an et kommen och Leit aus anere Gemengen, fir mat ze maachen.