Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
27/12/2022

Zanter Ufanks November huet och d’Gemeng Habscht hiren Antigaspi-Frigo. De Self Service-Frigo steet beim Rond-point an der Hënneschtgaass a bitt vu méindes bis freides Platen aus dem Schoulrestaurant fir nëmmen 3 Euro un. D’Zil vun dëser Initiativ ass et net, méi ze kache fir de Frigo kënnen ze fëllen, mee d‘Eweggeheie vun Iesswueren déi ze vill gekacht goufen ze verhënneren.

Qualitativ héichwäertege Menü zu engem kleng Präis.

D’Gemeng Habscht setzt an hirer Schoulkantin op gesond an nohalteg Ernierung. Esou gëtt zum Beispill vill Wäert drop geluecht regional Produiten, awer och Produiten aus der biologescher Landwirtschaft ze verschaffen. Um Site vun der Gemeng kann ee kucke wat all Woch um Menü steet. Den neie Frigo huet jiddefalls enorme Succès: hien ass quasi all Owend eidel.

Eng erfollegräich Antigaspi-Initiativ

D‘Initiativ vum Antigaspi-Frigo ass vun der Gemeng Habscht ëmgesat ginn a gëtt vun der Antigaspi-Campagne vum Landwirtschaftsministère ënnerstëtzt. Zanter datt de Frigo ageweit gouf hu vill aner Gemengen sech zu Habscht gemellt fir d’Detailer iwwert dee flotte Projet gewuer ze ginn. Et kann een also domadder rechnen, datt an noer Zukunft nach weider Antigaspi-Frigoen zu Lëtzebuerg wäerten entstoen.

Antigaspi
Privacy Overview

We use cookies to make sure you get the best experience on our website. Because we respect your right to privacy, you can choose not to allow some types of cookies. However, blocking some types of cookies may affect your experience of the site and the services we are able to offer.