Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
28/06/2022

Wéi déi „Déifferdenger Pléckerten“ 2020 den Opruff fir Antigaspi-Projeten vum Landwirtschaftsministère gewonnen hunn stoung fir si fest, dass si een Deel vum Präisgeld rëm géifen zréck an d’Natur investéieren. Si wëllen net nëmmen Uebst plécke goen, si wollten es och uplanzen. Mat der Gäertnerei vun der Gemeng Déifferdeng hunn si no enger gëeegenter Platz fir hire Projet, Hammbiersträicher als Hecken unzeplanzen, gesicht.

Bei der Fousbanner Schoul, an der Wuelemswiss, ass d’Gemeng Déifferdeng amgaang, ee klenge Bësch unzeleeën, an do hunn dann och déi Déifferdenger Pléckerten Ufanks Abrëll hier Hammbiershecke geplanzt, déi aus 50 Planze bestinn. De Bësch ass fir de Public op a jiddereen däerf do Hammbier plécke goen.

Antigaspi
Privacy Overview

We use cookies to make sure you get the best experience on our website. Because we respect your right to privacy, you can choose not to allow some types of cookies. However, blocking some types of cookies may affect your experience of the site and the services we are able to offer.