Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
16/09/2019

D’Liewensmëttelverschwendung kann een nëmme mat Hëllef vun enger breeder Mobilisatioun an de Grëff kréien. Dofir ass et och esou wichteg, datt sech méiglechst vill Acteuren deem Solidaritéitsélan uschléissen.

Am Regierungsrot vum 12. September 2019 huet d’Regierung op Initiative vum Landwirtschaftsminister Romain Schneider décidéiert fir bei Evénementer, déi vum oder mam Staat organiséiert ginn, manner Liewensmëttel ze verbëtzen andeems mat de Fournisseure beschtméiglech Weeër gesicht ginn, fir ënner anerem:

  • responsabel anzekafen,
  • kuerz Weeër ze privilegiéieren a méi regional a saisonal anzekafen,
  • Iesswueren, déi nach gutt sinn, weider ze verwäerten.

Dëst sinn Richtlinnen, déi och an diversen „Antigaspi Chartaen“ festgehale goufen. 2019 huet de Landwirtschaftsministère esou eng Charta mat den Vertrieder vun de Lëtzebuerger Jugendherbergen fir alleguerten hir Haiser ënnerschriwwen.

Antigaspi
Privacy Overview

We use cookies to make sure you get the best experience on our website. Because we respect your right to privacy, you can choose not to allow some types of cookies. However, blocking some types of cookies may affect your experience of the site and the services we are able to offer.