De Self Service-Frigo am Zentrum vum Duerf

D’Jugendherberg vun Huelmes bedreiwt ee Self Service-Frigo zu Tënten fir hire gekachte Menüen eng zweet Chance ze bidden, giess ze ginn.

Déi Platen déi ze vill gekacht gi sinn, stellt d’Jugendherberg an de Frigo. Jiddereen däerf sech do zerwéieren a bezuelt 3 € pro Plat.

Ee Frigo fir net konsuméiert Platen ze verkafen

Dës Initiativ reduzéiert d’Quantitéite vun organeschem Offall an offréiert den Awunner a Passanten héichqualitativ Menüen, déi net deier sinn.

Ausserdeem respektéiert d’Jugendherberg de fairen Handel andeem se «Fairtrade» Produkter benotzt, ënnerstëtzt eng nohalteg Ernierung a kacht Menüe mat regionale Produkter vum Label «Sou schmaacht Lëtzebuerg».

 

Op der Facebooksäit vun der Jugendherberg Huelmes gëtt all Dag presentéiert wat am Frigo ass.

D‘Initiativ gëtt ëmgesat vun der Jugendherberg vun Huelmes mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Helperknapp an dem Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung.

Pressecommuniqué