1/3 vun alle Liewensmëttel déi weltwäit produzéiert ginn, ginn ewechgehäit!
Gläichzäiteg awer leiden ëmmer nach ronn 673 Millioune Mënschen op der Welt Honger. Mat dëse Fakte virun Aen schéngt et evident, datt mer mussen handelen.
Defien
Zesumme géint d’Liewensmëttelverschwendung
Nieft der moralescher Verflichtung, sech dem Problem unzehuelen, dierf een och déi ekologesch Dimensioun net vergiessen!
Liewensmëttelverschwendung bedeit, datt 28 % vun allen Notzflächen onnëtz bewirtschaft ginn, ouni déi enorm Quantitéiten u Waasser ze vergiessen, déi dofir verbëtzt ginn. Fir sech dat emol bildlech virzestellen: dat sinn 250 Kubikkilometer Wasser pro Joer, also dräi mol de Genfer Séi.
A punkto CO2-Emissioune gesäit et net besser aus: 3,3 Gigatonnen Zäregase ginn all Joer vu verschwente Liewensmëttel fräigesat, déi op Deponië landen.
Dës Zuelen, déi de Welternährungsprogramm vun de Vereenten Natiounen (WFP) publizéiert huet, kann een net einfach ignoréieren. Zemol wann ee weess, datt d’Populatioun konstant wiisst a mir bis 2050 d’Grenz vun den 9 Milliarde wäerten erreechen.
D’Erausfuerderung ass fir ze kucken, wéi mer jidderee kënnen ernieren a gläichzäiteg eis natierlech Ressourcë kënne schounen, fir déi zukünfteg Generatiounen net weider ze belaaschten.
De Ministère fir Landwirtschaft huet dofir 2016 decidéiert, de Welthongerdag an de Kontext vun der Liewensmëttelverschwendung ze setzen. Dat war souzesoen de Startschoss vun der Sensibiliséierungscampagne „Zesumme géint d’Liewensmëttelverschwendung“.
Quellen a weider Informatiounen
- Food Waste Index Report 2024
- Waste and Ressources – Biowaste
- 11 facts about food loss and waste – and how it links to sustainable food systems
- Hunger declines globally, but rises in Africa and western Asia: UN report
- The State of Food Security and Nutrition in the World 2025
- Technical Platform on the Measurement and Reduction of Food Loss and Waste
- Global food losses and food waste – Extent, causes and prevention, FAO, 2011 (PDF)
- Preparatory study on food waste across EU 27
- Food wastage footprint – Impacts on natural resources