Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Pot-au-feu

#cleverkachen

Pot-au-feu

Déi ugewise Quantitéiten decken d’Basisrezept an déi zwee Remix-Rezepter fir jeeweils zwou Persounen of.

Kafen

  • 1 kg Paleron vum Rand
  • 3 Muerten
  • 1 Porrett
  • 6 Gromperen
  • 5 Eeër
  • 150 ml Ram
  • 200 g Champignonen
  • 160 g Wëllkar
  • 1 Zitroun

Aus der Spënnchen

  • 30 g Botter + e bësse méi fir d’Gromperen
  • 2 Ënnen
  • 1 Zéif Knuewelek
  • 1 Lorberblat
  • Pefferkären
  • 40 g Parmesan
  • 75 ml wäisse Wäin
  • Moschter
  • Esseg
  • 1 ½ Iessläffel Mayonnaise
  • 1 sauer Kornischong
  • 4 Scheiwe mëllt wäisst Brout
  • Salzchips
  • Salz a Peffer

Verwäerten

  • E puer Blieder Zalot (z. B. Laitue, Eechblat, Batavia, …)

Alternativen

  • Rucola → wielegt Blatgeméis oder mëll Kraider
  • Parmesan → Reschter vun haardem Kéis
  • Wäisse Wäin → Rescht vun enger oppener Fläsch wäissem Wäin
  • Wëllkar → Risotto-Räis

Basisrezept: Pot-au-feu mat Rëndfleesch

  • 1 kg Paleron vum Rand
  • 1 Ënn, geschielt
  • 3 Muerten, geschielt an an zwee geschnidden
  • dat Gréngt vun 1 Porrett
  • 1 Lorberblat
  • 1 ½ Téiläffel grafft Salz
  • 3 Pefferkären

D’Fleesch an e grousst Dëppe leeën.

D’Ënnen an d’Muerte schielen an an der Hallschent duerchschneiden, dat Gréngt vun der Porrett gutt wäschen an alles mam Lorberblat a mam Salz an d’Dëppe maachen a mat 1,5 Liter Waasser opfëllen.

Zoudecken an opkachen, woubäi de Schaum muss erofgeschäfft ginn, wann dat Ganzt ufänkt mat kachen. D’Hëtzt reduzéieren, d’Pefferkären derbäiginn, zoudecken an 3 Stonne brutschele loossen, bis d’Fleesch zaart ass. Eventuell Waasser nofëllen, fir datt d’Fleesch bedeckt bleift.

En Deel vum Fleesch fir déi éischt Molzecht benotzen, de Rescht a sengem Kachsaaft ofkille loossen. Wann dat Ganzt ofgekillt ass, d’Fleesch an de Saaft an en zouene Behälter ëmfëllen a bis zu 3 Deeg fir d’Remix-Rezepter am Frigo halen.

#CleverKachen Tipp:

Dat Wäisst vun der Porrett kann a Rondele geschnidden an an enger Tut oder engem Behälter agefruer ginn. Dir kënnt et direkt aus dem Tifküler huelen a fir Zoppen, Zoossen oder Quichë benotzen.

Day 1: Rëndfleesch mat Eeërzooss a gekachte Gromperen

Fir 2 Persounen

  • 400 g frësch gekachtent Rëndfleesch
  • 6 gekachte Grompere mat Botter, fir ze zerwéieren
  • gehacktene Péiterséileg, fir herno dropzemaachen

Fir d’Eeërzooss:

  • 5 Eeër
  • 150 ml Ram
  • 2 ½ Iessläffel Moschter
  • e Schotz Wäisswäinesseg
  • Salz a Peffer

Mat der Zooss ufänken. D’Eeër 10 Minutte laang am kachende Waasser kachen. Ofdrëpsen an ofkille loossen. D’Eeër schielen an a Véierel schneiden, da mat enger Forschett tripsen.

Déi getripsten Eeër an eng Schossel ginn, d’Ram an de Moschter derbäiginn an dat Ganz mëschen. Mat engem Schotz Wäisswäinesseg a Salz a Peffer no Geschmaach wierzen. 150 g vun der Eeërzooss an e Behälter ginn a fir dat éischt Remix-Rezept am Frigo halen.

D’Fleesch a Scheiwe schneiden a mat der kaler Eeërzooss an de Grompere mat Botter an e bësse Péiterséileg drop zerwéieren.

Remix 1: Feierstengszalot-Sandwichen

Fir 2 Persounen

Fir de Pâté:

  • 200 g vum gekachte Rëndfleesch, dat nach iwwereg ass
  • 1 vun de gekachte Muerten, déi nach iwwereg sinn
  • 1 sauer Kornischong
  • 150 g vun der Eeërzooss, déi nach iwwereg ass
  • 2 Iessläffel vum Waasser vun de sauere Kornischongen
  • 1 ½ Iessläffel Mayonnaise
  • 1 ½ Iessläffel Moschter
  • 2 Iessläffel Esseg
  • Salz a Peffer

Fir d’Sandwichen:

  • 4 Scheiwe mëllt wäisst Brout
  • eng Handvoll Salzchips
  • 2 Zaloteblieder

D’Rëndfleesch, d’Muert an d’Kornischong an déck Stécker schneiden. Zesumme mat der Eeërzooss, mam Waasser vun de sauere Kornischongen, mat der Mayonnaise, mam Moschter a mam Esseg an e Mixer ginn a püréieren. Wann néideg, mat Salz a Peffer nowierzen.

Déi püréiert Mass op zwou Scheiwe Brout verdeelen. E bësse Salzchips an Zalot dropmaachen, dann déi zweet Scheif Brout dropleeën an direkt zerwéieren.

#CleverKachen Tipps:

  • D’Flëssegkeet aus dem Kornischongsglas ass Gold wäert – Benotzt se an Zalotenzoosse fir en extra Geschmaachskick.
  • Benotzt d’Grimmele vun de Chips ënnen aus der Tut, fir Är Sandwichen nach méi knuspreg ze maachen, amplaz se ewechzegeheien.

Remix 2: Wëllkar-„Risotto“

Fir 2-3 Persounen

  • 30 g Botter
  • 1 kleng Ënn, reng gehackt
  • 1 Zéif Knuewelek, zerdréckt
  • 200 g Champignonen, a Scheiwen
  • 160 g Wëllkar
  • 75 ml wäisse Wäin
  • 850 ml vum Rëndsfong vum Pot-au-feu, deen nach iwwereg ass
  • 150 g vum gekachte Rëndfleesch, dat nach iwwereg ass, gehackt
  • 2 vun de gekachte Muerte, déi nach iwwereg sinn, a Rondelen
  • 40 g Parmesan
  • 2 Handvoll Rucola
  • geriwwe Schuel vun ½ Zitroun
  • Salz a Peffer

De Botter an engem mëttelgroussen Dëppe schmëlzen an d’Ënn fir 3 Minutte mat enger Pouz Salz ubroden. De Knuewelek derbäiginn an eng Minutt ubroden. Dann d’Champignonsscheiwen derbäiginn a weider 3 Minutten ubroden, bis se brong sinn.

De Wëllkar drënner réieren, da mam wäisse Wäin ofläschen, opkachen an dobäi réieren, bis de Wäin absorbéiert ass. De Rëndsfong derbäiginn, mat engem Deckel zoumaachen an opkachen. D’Hëtzt reduzéieren an 10 Minutte brutschele loossen.

No 10 Minutten den Deckel erofhuelen, de Rescht vum Rëndfleesch an de Muerten derbäiginn a fir weider 10 Minutte kachen, bis bal all d’Flëssegkeet sou gutt ewéi absorbéiert ass.

Kuerz virum Zerwéieren de Parmesan an de Rucola drënnermëschen, dann no Geschmaach mat e bësse geriwwen Zitrouneschuel a Peffer wierzen.

Op zwee Tellere verdeelen an zerwéieren.

#CleverKachen Tipps:

  • Dir hutt méi Britt iwwereg, wéi Dir fir dëst Rezept braucht. Fëllt de Rescht vun der Britt a Glieser a fréiert se fir zukünfteg Rezepter an.
  • Geheit d’Schuele vum Parmesan net ewech! Gitt déi haart Schuel bei Tomatenzoossen oder Zoppen derbäi, wärend se brutschelen. Beim Kache setzt déi dann en häerzhaften Umami-Goût fräi. Huelt d’Schuel just virum Zerwéieren eraus.
  • Wieleg(e) Rucola oder Kraider? Geheit déi net ewech! Soulaang déi just wieleg an net schläimeg oder verduerwe sinn, kann een nach wonnerbar domat kachen. Réiert se a Risotto, wann dee bal fäerdeg gekacht ass, oder gitt se fir extra Geschmaach a manner Verschwendung bei Zoossen derbäi.
Antigaspi
Privacy Overview

Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.