Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Bouneschlupp

#cleverkachen

Bouneschlupp

Déi ugewise Quantitéiten decken d’Basisrezept an déi zwee Remix-Rezepter fir jeeweils zwou Persounen of.

Kafen

  • 375 g gréng Bounen
  • 2 festkachend Gromperen (ongeféier 180 g)
  • 2 Mettwurschten
  • 100 ml Ram
  • 200 g Schnellkach-Makkaronien (3-5 Min.)
  • 100 g kleng Mozzarella-Bullen

Aus der Spënnchen

  • 70 g Botter
  • 3 Iessläffel Miel
  • 1 Lorberblat
  • 1 déck Ënn
  • 1 kleng Zéif Knuewelek
  • Geméisbouillonswierfele fir 1,5 Liter
  • 4 Téiläffel Bounekraitchen
  • 2 Téiläffel Curry-Gewierz
  • Salz a schwaarze Peffer

Verwäerten

  • 30 g Parmesan oder Reschter vun haardem Kéis
  • 2 Scheiwen aalt oder gefruerent Brout (ongeféier 60 g)
  • Eng Hand voll wielegen oder gefruerene Péiterséileg oder Koriander

Alternativen

  • Parmesan → Reschter vun haardem Kéis
  • Péiterséileg → Koriander
  • Ram → Sauerram, Crème fraîche, Frëschkéis
  • Aalt Brout → gefruerent Brout, entdeet

Basisrezept: Bouneschlupp

Fir 6 Portiounen

  • 1 déck Ënn
  • 375 g gréng Bounen
  • 2 festkachend Gromperen (180 g)
  • 45 g Botter
  • 3 Iessläffel Miel
  • 1,5 l Geméisbouillon, waarm
  • 1 Lorberblat
  • 3 Téiläffel Bounekraitchen
  • 1 Mettwurscht
  • 300 ml Waasser

D’Ënn schielen a reng hacken.

D’Boune feeën an a mondgerecht Stecker schneiden. D’Grompere schielen an an 1 cm grouss Wierfele schneiden. Op d’Säit stellen.

De Botter an engem groussen Dëppe schmëlzen an d’Ënn fir 4 Minutten ubroden, bis se mëll ass. D’Miel derbäiginn an eng weider Minutt broden, dann de Geméisbouillon, d’Bounen an d’Gromperen zesumme mam Lorberblat an dem Bounekraitchen derbäiginn.

Dat Ganzt opkachen, zoudecken an 10 Minutte brutschele loossen, bis d’Geméis bal duerch ass.

Wärend där Zäit d’Mettwurscht a Scheiwe schneiden.

No 10 Minutten d’Mettwurscht an d’Zopp ginn a 5 Minutte weiderkache loossen.

Vun der Kachmaschinn huelen an d’Lorberblat eraushuelen, ier et weidergeet.

Dag 1: Bouneschlupp

Zwou Portiounen Zopp op 2 Tellere verdeelen – sécherstellen, datt all d’Mettwurschtscheiwen zerwéiert ginn – a mat engem Schotz Ram zerwéieren.                                                     

De Rescht vun der Zopp ganz ofkille loossen, se an e Behälter mat engem Deckel fëllen a (bis zu dräi Deeg) fir déi zwee Remix-Rezepter am Frigo halen.

Remix 1: Bouneschlupp-Pasta

Fir 2 Persounen

  • 2 Portioune Bouneschlupp, déi iwwregbliwwen ass (ongeféier 600 ml)
  • 200 g Schnellkach-Makkaronien (3-5 Minutte Kachzäit)
  • 1 Téiläffel Bounekraitchen
  • 1 Mettwurscht
  • 60 ml Ram
  • 30 g Parmesan oder Reschter vun haardem, gerapptene Kéis
  • 100 g kleng Mozzarella-Bullen

D’Bouneschlupp mam Téiläffel Bounekraitchen opkachen. D’Makkaronien an 300 ml kachend Waasser sou derbäiginn, datt d’Nuddele sou just am Waasser sinn. Ongeféier 5 Minutte brutschele loossen a reegelméisseg ëmréieren, bis d’Nuddele mëll sinn an de Gros vun der Flëssegkeet absorbéiert ass.

Wärend där Zäit d’Mettwurscht a Véierel schneiden an déi dann an enger Pan ouni Ueleg ubroden, bis se liicht brong sinn.

Soubal d’Nuddele mëll sinn, d’Ram an de gerappte Kéis drënnermëschen an dat Ganzt nach eng weider Minutt kachen. Vun der Kachplack huelen, d’Mozzarella-Bullen ënnerhiewen an op zwee Tellere verdeelen.

Déi knuspereg Mettwurscht dropginn an zerwéieren.

#CleverKachen Tipp:

Kéisreschter si perfekt fir Rezepter wéi dat hei. Rappt einfach iergendee Kéis, deen Dir nach am Frigo hutt, amplaz en neit Stéck unzeschneiden. Dir kënnt och Kéisreschter rappen an afréieren, sou datt déi direkt aus dem Tifküler a Nuddelsplaten, Zoppen a Gratine benotzt kënne ginn.

Remix 2: Curry-Zopp mat Knuewelekscroûtonen

Fir 2 Persounen

  • 2 Portioune Bouneschlupp, déi iwwregbliwwen ass (ongeféier 600 ml)
  • 2 Téiläffel Curry-Gewierz
  • Eng Hand voll wielegen oder gefruerene Koriander oder Péiterséileg, gehackt
  • 40 ml Ram

Fir d’Knuewelekscroûtonen:

  • 2 Scheiwen aalt Brout (ongeféier 60 g)
  • 40 g Botter
  • 1 kleng Zéif Knuewelek, zerdréckt


Den Uewe virhëtzen (180 °C Umluft).

D’Brout a kleng Wierfele vun ongeféier 1 cm schneiden an an eng Schossel fëllen.

De Botter an enger Kasseroll mam zerdrécktene Knuewelek schmëlzen an dat Ganzt iwwer d’Broutwierfele schëdden. Salzen a schwenken, bis alles gläichméisseg verdeelt ass, an dann d’Broutwierfelen op engem Bakblech verdeelen.

Fir 8 Minutten am Uewe loossen an an der Hallschent eng Kéier ëmdréinen, bis se knuspereg a goldeg sinn.

De Rescht Bouneschlupp an engem Dëppen op d’Kachplack stellen, zwee Téiläffel Curry-Gewierz draréieren an dat Ganzt erhëtzen, bis et opgewiermt ass. Déi meescht Kraider derbäiginn a mat engem Stafmixer mixen, bis d’Zopp ganz reng ass.

D’Ram draréieren, an dann no Goût wierzen.

D’Zopp op zwou Schossele verdeelen, d’Knuewelekscroûtonen an nach e puer Kraider drop verdeelen an zerwéieren.

#CleverKachen Tips:

  • Aalt Brout muss een net ewechgeheien. Et kann een doraus knuspereg Croûtone fir Zoppen an Zalote maachen.
  • Geheit och keng wieleg Kraider ewech. Hackt se a fréiert se an, ier se verdierwen, a gitt se dann direkt aus dem Tifküler an Zoppen, Zoossen a Nuddelplaten derbäi, wann Dir se braucht.
Antigaspi
Privacy Overview

Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.