Antigaspi Solidaritéitspakt mat de Gemengen

D'Gemenge spillen eng Schlësselroll am Kampf géint d'Verschwendung vun Liewensmëttel

Nieft der finanzieller an ekologescher Dimensioun, huet all Eenzelen och eng ethesch Verflichtung sech dem Problem vun der Liewensmëttelverschwendung unzehuelen. D‘Erausfuerderung ass fir ze kucken, wéi mer Jidderee kënnen ernieren a gläichzäiteg eis natierlech Ressourcë schounen, fir déi zukünfteg Generatioune net weider ze belaaschten.

Well d‘Gemengen am nooste beim Bierger sinn, kënne si am beschte mat klengen Aktioune mathëllefen hir Bierger ze sensibiliséieren an esou eng breet Mobilisatioun lass trëppelen.

Beispiller an Iddien dozou fannt Dir an eiser Brochür - D'Gemengen als Multiplicateur: Praktesch Rotschléi fir manner ze verbëtzen

Initiativen um lokale Niveau

D‘lëtzebuerger Gemengen goufen alleguerten invitéiert fir um lokale Niveau am Kampf géint d'Liewensmëttelverschwendung matzemaachen an dem nationalen Antigaspi Solidaritéitspakt bäizetrieden – mat groussem Succès! Vun 102 Gemengen hunn der 92 ënnerschriwwen.
All solidaresch Gemeng kritt dann och d’Antigaspi Wanderausstellung vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung gratis geléint, geliwwert an opgeriicht a kann d’Kanner aus de Grondschoulen op dësem Wee sensibiliséieren.
Wa jiddereen vun eis säi Verhalen och nëmmen e bësschen ännert, kënne mer all zesummen e grousse Bäitrag leeschten!
linkedin facebook pinterest youtube rss twitter instagram facebook-blank rss-blank linkedin-blank pinterest youtube twitter instagram