Antigaspi Formatioun

Formatioun: Liewensmëttelverschwendung meeschteren a reduzéieren

Dës Formatioun huet als Zil, Pisten ze degagéieren, déi et erméiglechen, besser ze verstoen, wou Liewensmëttelverschwendung konkreet entsteet a wéi een dës reduzéiere kann. Si gëtt vun Experten an der Liewensmëttelsécherheet a Kollaboratioun mam Landwirtschaftsministère gehalen an adresséiert sech u Professioneller aus de Liewensmëttelbetriber wéi och d’Gestionnairë vu Maison-relaisen a Crèchen an all aner Institutioun, déi konkreet Mesurë wëll ëmsetzen, fir d’Liewensmëttelverschwendung dauerhaft ze reduzéieren.

In-house workshops

Liewensmëttelsécherheet garantéieren ouni Liewensmëttel ze verschwenden, dat ass méiglech an et ass derwäert. Wärend dëser Formatioun proposéieren an diskutéiere mir Aktiounen, fir d’Liewensmëttelverschwendung vum Akaf bis zum Verkaf ze limitéieren. No enger Analys vum Terrain proposéiere mir e konkreeten an innovativen Aktiounsplang mat klore Léisungen.
linkedin facebook pinterest youtube rss twitter instagram facebook-blank rss-blank linkedin-blank pinterest youtube twitter instagram