Antigaspi Charta

Den Antigaspi Solidaritéitspakt

D’Liewensmëttelverschwendung kann een nëmme mat Hëllef vun enger breeder Mobilisatioun an de Grëff kréien. Dofir ass et och esou wichteg datt sech méiglechst vill Acteuren deem Solidaritéitsélan uschléissen.
Am Regierungsrot vum 12 September 2019 huet Regierung , op Initiative vum Landwirtschaftsminister Romain Schneider, decidéiert fir bei Eventer, déi vum oder mam Staat organiséiert ginn, manner Liewensmëttel ze verbëtzen andeems mat de Fournisseure beschtméiglech Weeër gesicht ginn, fir ënner anerem:
responsabel anzekafen;
kuerz Weeër ze privilegiéieren a méi regional a saisonal anzekafen;
respektiv Iesswueren, déi nach gutt sinn, weider ze verwäerten
Dëst sinn Richtlinnen déi och an diversen “AntiGaspi Chartaen” festgehale goufen.

2019 hu mir esou eng Charta mat den Vertrieder vun de Lëtzebuerger Jugendherbergen , fir alleguerten hir Haiser, ënnerschriwwen.

Antigaspi Charta Ënnerschrëfft
2017 gouf eng “AntiGaspi Charta” mat de Vertrieder vu LUXEXPO THE BOX ënnerschriwwen, déi sech verflicht hunn wärend hirem Event d’Liewensmëttelverschwendung op e Minimum ze reduzéieren.

2017 huet de Ministère eng “AntiGaspi Charta” mat der CGFP ënnerschriwwe fir an der Staatskantinn manner ze verbëtzen.
2017 gouf eng Charta mat den Organisateure vun der Foire Agricole zu Ettelbréck ënnerschriwwen. Wuel hu mer mat deem wat iwwert de Stockage, d’Lagerung a circuits courts dra steet hei oppen Dieren agerannt well all dat souwéi sou scho laang vun den Produzente an Vermaachter gemaach gëtt, mä et goung drëms zesummen een Zeechen ze setze fir jiddereen eenzelen ze sensibiliséiere fir datt mir all zesumme méi responsabel consomméieren.
Antigaspi - Charta mat de Lëtzebuerger Jugendherbergen
check linkedin facebook pinterest youtube rss twitter instagram facebook-blank rss-blank linkedin-blank pinterest youtube twitter instagram