02/03/2020

Liewensmëttel méi laang haltbar maache fir manner ewech ze geheien

Am Duerchschnëtt kann een d’Haltbarkeet vu Liewensmëttel mat einfache Lager- oder Konservéierungsmethoden tëschent 4 Wochen an 12 Méint erhéijen an doduerch d’Liewensmëttelverschwendung signifikativ reduzéieren.

D’Konservéiere vu regional produzéiertem Uebst a Geméis stäerkt ausserdeem déi lokal Landwirtschaft. Onnéideg Importer vu Liewensmëttel kënnen esou vermeit ginn.

Duerch einfach Konservéierungsmethoden entsti gesond, ofwiesslungsräich Liewensmëttel déi gutt schmaachen a sech oft méintelaang hale kënnen. Dat schount natierlech och de Portmonni.

Hei e puer Konservéierungsmethode géint d’Liewensmëttelverschwendung:

  • Fermentéieren: Duerch einfach Fermentéierungsmethoden am Glas ka Geméis bis zu 3 Méint méi laang genéissbar bleiwen.
  • Geméispasten: Duerch Konservéiere mat Salz kann een eng perfekt Basis fir Zoppen maachen, déi all Bouillonswierfel ersetzt.
  • Dréchnen (Dörren): Duerch dréchnen bleift Uebst a Geméis méi laang genéissbar, zum Beispill als Snack (Uebst a Geméis Chips) oder als Grondlag fir Zoppen an aner Platen.
  • Kompott, Gebeess, agemaachent Uebst a Geméis sinn Delikatessen, déi vill Plate beräichere kënnen.

Méi Informatiounen zum Thema Konservéiere fannt Dir zum Beispill ënner einmachbibliothek.ch