Mat sengem Opruff fir Projeten, den de Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung all Joer mécht, mobiliséiert e sech géint d’Verschwendung vu Liewensmëttel. D’Bierger, Gruppen, Associatiounen an Organisatioune sinn invitéiert, fir Projete virzestellen, mat deenen si op de Verloscht an d’Verbëtze vun Iesswueren an op d’Valorisatioun vun de Reschter wëllen opmierksam maachen.

Bei der éischter Editioun vum Opruff fir Projeten sinn zwee Gewënner ënnert 16 Kandidaturen erausgesicht ginn:

  • “JUKATE geet vum Verschwenden an Verwenden“ vum Jugendtreff Käl/Téiteng. An Ateliere léiere Jonker hier Gewunnechten ze änneren a méi nohalteg ze liewen. Déi Jonk ginn aktiv an de Projet agebonnen, sou wéi lokal Baueren an Experten.
  • “Déifferdenger Pléckerten” vun der Sozialkommissioun vun der Gemeng Déifferdeng. Bierger hëllefe sech géigesäiteg beim Plécke vun Uebst an de Bongerten. Propriétairen, Pléckerten a Beneficiaire bilde sou ee solidarescht Netzwierk.

Déi finanziell Ënnerstëtzung vum Ministère an Héicht vun 7.500 € gëtt ënnert deenen zwee Gewënner opgedeelt.

Opruff fir Projeten

Sidd Dir och antigaspi? Da loosst et ons wëssen a reecht ons Ären Antigaspi-Projet eran. Mat enger finanzieller Gesamtenveloppe vu 7.500 € gëtt deen oder déi bescht Projete vum Landwirtschaftsministère ënnerstëtzt.

Matmaache ka jiddereen – egal ob Privatpersounen, Kooperativen, Associatiounen oder soss Initiativen. Eenzeg Bedéngung ass, datt Äre Projet zur Preventioun an zur Reduzéierung vu Liewensmëttelverloschter an/oder Liewensmëttelverschwendung zu Lëtzebuerg bäidréit.

Zousätzlech zur finanzieller Ënnerstëtzung ginn déi zeréckbehale Projeten och op der Plattform antigaspi.lu publizéiert an esou der Ëffentlechkeet virgestallt.

Fir e Projet eranzereechen, braucht Dir just de Formular „Soumission d’un projet antigaspillage“ auszefëllen an en ons per Mail (antigaspi@ma.etat.lu) oder per Post (Ministère de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural, „Antigaspi“, 1, rue de la Congrégation, L-1352 Luxembourg) zoukommen ze loossen.

Opgepasst, Stéchdag fir e Projet anzereechen, ass den 30. November 2020!

De Formular esou wéi déi offiziell Bestëmmunge mat weideren Detailer fannt Dir hei a Form vu PDF-Dokumenter.

Mir freeën ons op Är Iddien a soen elo schonns Merci fir Ären Engagement.

Deen nächsten Opruff fir Projeten ass am Hierscht 2021 !