Sidd Dir och antigaspi? Da loosst et eis wëssen a reecht eis Ären Antigaspi-Projet eran. Mat enger finanzieller Gesamtenveloppe vu 10.000 Euro gëtt deen oder déi bescht Projete vum Landwirtschaftsministère ënnerstëtzt.

Matmaache ka jiddereen – egal ob Privatpersounen, Kooperativen, Associatiounen oder soss Initiativen. Eenzeg Bedéngung ass, datt Äre Projet zur Präventioun an zur Reduzéierung vu Liewensmëttelverloschter an/oder Liewensmëttelverschwendung zu Lëtzebuerg bäidréit.

Zousätzlech zur finanzieller Ënnerstëtzung ginn déi zeréckbehale Projeten och op der Plattform antigaspi.lu publizéiert an esou der Ëffentlechkeet virgestallt.

 

E Projet areechen

Fir e Projet eranzereechen, braucht Dir just de Formular „Soumission d’un projet antigaspillage“ auszefëllen an en eis per Mail (antigaspi@ma.etat.lu) oder per Post (Ministère de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural, „Antigaspi“, 1, rue de la Congrégation, L-1352 Luxembourg) zoukommen ze loossen.

Déi offiziell Bestëmmunge mat weideren Detailer fannt Dir hei.

Mir freeën eis op Är Iddien a soen elo schonns Merci fir Ären Engagement.

Opgepasst: Stéchdag fir e Projet anzereechen ass den 31. Dezember 2021!