124 Grënn eppes ze änneren

124 kg Liewensmëttel ginn am Joer op de Kapp verbëtzt

Dat sinn 124 Grënn eppes ze änneren....

Dat ass deen neie Slogan vun eiser Campagne “Zesumme géint d’Liewensmëttelverschwendung”
Am Video weise mir ee Frigo deen, gutt gefëllt wéi en ass , an den Dreckswon flitt ouni datt sech iergendeen dorunner stéiert! 

Op dës Aart a weis wëlle mir d’Leit interpelléieren a symboliséieren datt mir eis Liewensmëttel nees méi musse wäertschätze fir se an Zukunft net méi esou ze verbëtzen....

#124grenn

Mir maachen des Campagne “Zesumme géint d’Liewensmëttelverschwendung” dofir och ganz bewosst ëm dës Joreszäit well de Mount Dezember virun der Dier steet wou d ‘Tendenz fir ze verschwenden nach e bësse méi grouss ass ewéi de Rescht vum Joer ....
N.B D’Liewensmëttel déi am Video benotzt goufe sinn nom Dréi net ewech gehäit, mä vun der Equipe um Set giess ginn.
De Frigo war scho futti virum Dréi an ass dono recycled ginn , esou wéi dat sech gehéiert.

linkedin facebook pinterest youtube rss twitter instagram facebook-blank rss-blank linkedin-blank pinterest youtube twitter instagram