Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

118 kg Liewensmëttel ginn am Joer op de Kapp verbëtzt

Dat sinn 118 Grënn eppes ze änneren!

Dat ass de Slogan vun eiser Campagne „Zesumme géint d’Liewensmëttelverschwendung“. Am Video weise mir ee Frigo deen, gutt gefëllt wéi en ass, an den Dreckswon flitt, ouni datt sech iergendeen dorunner stéiert! Op dës Aart a Weis wëlle mir d’Leit interpelléieren a symboliséieren, datt mir eis Liewensmëttel nees méi musse wäertschätze, fir se an Zukunft net méi esou ze verbëtzen.

#118grenn

Mir hunn des Campagne „Zesumme géint d’Liewensmëttelverschwendung“ ganz bewosst Enn des Joers gestart, well de Mount Dezember virun der Dier steet, wou d’Tendenz fir ze verschwenden nach e bësse méi grouss ass ewéi de Rescht vun der Zäit.

N.B. D’Liewensmëttel déi am Video benotzt goufen, sinn nom Dréi net ewech gehäit, mä vun der Equipe um Set giess ginn. De Frigo war scho futti virum Dréi an ass dono recycled ginn, esou wéi dat sech gehéiert.

Antigaspi
Privacy Overview

Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.