« Zesumme géint Liewensmëttelverschwendung »

1/3 vun alle Liewensmëttel déi weltwäit produzéiert ginn, ginn ewechgehäit! Gläichzäiteg awer leide bal 1 Milliard Mënschen op der Welt nach ëmmer Honger. Mat dëse Fakte vrun Ae schéngt et evident, datt mer mussen handelen.

Nieft der moralescher Verflichtung sech dem Problem unzehuelen, dierf een och déi ekologesch Dimensioun net vergiessen! Liewensmëttelverschwendung bedeit, datt knapps 1/3 vun allen Notzflächen onnëtz bewirtschaft ginn, ouni déi enorm Quantitéiten u Waasser ze vergiessen, déi verbëtzt ginn. Fir sech dat emol bildlech virzestellen: dat sinn 250 Kubikkilometer pro Joer, also 3-mol de Genfer Séi.

A punkto CO2-Emissioune gesäit et och net besser aus: 3,3 Gigatonnen, dat sinn 80% vum CO2-Ausstouss pro Joer a China!

Dës Zuelen, déi d’FAO publizéiert huet, kann een net einfach ignoréieren. Zemol wann ee weess, datt d’Populatioun konstant wiisst a mer bis 2050 d‘Grenz vun den 9 Milliarde wäerten erreechen. D‘Erausfuerderung ass fir ze kucken, wéi mer jidderee kënnen ernieren a gläichzäiteg eis natierlech Ressourcë schounen, fir déi zukënfteg Generatiounen net weider ze belaaschten.

Mir als Ministère, zoustänneg fir de Konsumenteschutz, hunn dofir décidéiert, fir de Welthongerdag, de 16. Oktober 2016 an de Kontext vun der Liewensmëttelverschwendung ze setzen. Dat war souzesoen de Startschoss vun onser breeder Sensibiliséierungscampagne «Zesumme géint Liewensmëttelverschwendung».

Fernand Etgen
Konsumenteschutz Minister