Bei Reklamme sollt Dir virsiichteg sinn
Kaaft Liewensmëttel, déi méi bëlleg sinn, well se kuerz virum Oflafdatum sinn, just wann Dir se och verbraucht!
Reklammen, wou Dir manner bezuelt, wann Dir méi kaaft (z. B. 3 fir 2 oder + 20 % vum Inhalt gratis) nëmme mathuelen, wann Dir déi gréisser Quantitéit och wierklech braucht oder afréiere kënnt, fir se zu engem spéideren Zäitpunkt dann och z’iessen. Soss verbëtzt Dir net nëmme Liewensmëttel, mee och Är Suen.