Probéiert esou gutt wéi méiglech Reschter ze vermeiden. Wann Dir awer Reschter sollt hunn, probéiert se ze verwäerten...
Dir wësst net wat Dir mat Äre Liewensmëttelreschter maache sollt?
Huelt z.B. d’ Reschter vun Ärem Owendiessen den nächsten Dag mat op d’Aarbecht. Dir hutt een Dag an der Woch keng Loscht ze kachen? Verwäert Äer Reschter!
Beim Weiderveraarbechte vu Reschter, kënnt Dir Ärer Kreativitéit fréie Laf loossen an e neie Menü zauberen.