Probéiert esou gutt wéi méiglech Reschter ze vermeiden. Wann Dir awer Reschter sollt hunn, da verwäert se.

Reschter kann ee gutt bei der Zoubereedung vun anere Moolzechte verwäerten. Hei sinn Ärer Kreativitéit keng Grenze gesat. Beispiller heifir sinn: Aus getéitschtem oder iwwerzeidegem Uebst Kompott oder Smoothien maachen, aus Geméisreschter Zoppe kachen, alt Brout zu Chapelure verschaffen, Reschter vu Fësch oder Fleesch op ee Sandwich maachen, gekachte Gromperen, Nuddelen oder Räis fir eng Zalot huelen.

Hei e puer flott Rezepter als Inspiratioun :

Rezepter