
De Frigo ass déi richteg Plaz, fir frësch Liewensmëttel ze versuergen.
An engem Frigo ginn et verschidden Temperaturzonen. Fir bestëmmte Liewensmëttel ginn et do besonnesch gutt Plaze wéi beispillsweis am Geméisfach oder an der Dier. Stellt d’Temperatur vun Ärem Frigo op maximal 5 °C fir dee mëttelste Beräich an, bei méi héijen Temperature kënnen sech schiedlech Bakterien entwéckelen. Haalt d’Iessensreschter am Frigo an duerchsiichtege Behälter a stellt se no vir, fir datt Dir se net vergiesst a bannent dräi Deeg iesst. Benotzt fir schnell verdierflech Liewensmëttel de Prinzip: als éischt eran – als éischt eraus. Stellt méi al Produkter no vir, an dat wat Dir grad kaaft huet, no hannen.
De Frigo muss onbedéngt propper gehale ginn, fir dass sech keng Bakterien dran usammelen. Dës Mikroorganisme komme mam Geméis oder mam Fleesch an de Frigo a kënne sech do vermehren. Dofir sollt een de Frigo all Mount eng Kéier botzen.